
Fir vill Leit richt se no Crème brûlée, no Glace oder no Chrëschtdagskichelcher. Mee hannert deem séisse Geroch verstoppt sech eng spannend Geschicht, déi eis vu Mexiko bis op Madagaskar féiert. D’Vanill staamt ursprénglech aus Mëttelamerika. Schonn d’Azteken hunn d’Schotë benotzt, fir hire Kakao ze aromatiséieren. Wéi d’Spuenier am 16. Joerhonnert Mexiko eruewert hunn, hu si d’Vanill mat an Europa bruecht an do gouf se séier zu engem Luxusproduit. Vanill ass haut, nom Safran, dat zweetdeierst Gewierz op der Welt. De Spëtzekach Pit Wanderscheid erkläert:
Dat läit einfach dorunner dass se haut ganz vill a Madagaskar ugebaut gëtt, bei de Bourbon Inselen - dofir och Bourbon Vanill, wat awer net heescht dass se muss onbedéngt vun do sinn, mee aus dem Raum ass et eng Qualitéitsstuf. De Punkt ass, dass déi Bei, déi eigentlech d’Vanillsbléi bestëbst, guer net kann do liewen, vun dohier muss dat alles manuell gemaach ginn, dat heescht, déi Bléi geet eng Kéier op an da mussen déi Pollen vun der männlecher Planz op déi weiblech eriwwer gesat ginn. Dat gëtt alles manuell mat enger Pincette gemaach, wat natierlech eng Heedenaarbecht ass. Dat ass mat ee vun den eenzege Grënn, firwat d’Vanill esou deier ass.
Vanill ass net nëmmen e Geschmaachserliefnis, hir gëtt och eng Heelwierkung nogesot. Vanill wierkt berouegend op de Kierper. De Geroch stimuléiert d’Ausschëdde vu Serotonin, dem sougenannte Gléckshormon. Si kann also bei Stress oder liichter Onrou hëllefen. Interessant ass och, datt de Geroch vu Vanill bei ville Mënschen e Gefill vu Sécherheet ausléist. Vläicht well en eis un d’Kandheet erënnert.
Mir kennen et ebe wierklech aus dem séisse Beräich, d’Pâtisserie ass jo komplett opgebaut op d’Vanill, eise Gomm huet d’Vanill gär, dir gesitt et selwer, wann der duerch de Supermarché oder duerch eng Pâtisserie gitt, wat gëtt net mat Vanill verbonnen? Virun allem ass Vanill e super Werbeträger fir vill Firmen dobaussen, et associéiert an eis e Gefill vu Wäermt, mir hunn d’Vanill gär, mir wësse wa Vanill dran ass, schmaacht et gutt an esou ganz falsch ass dat jo net.
Vill Produkter enthalen haut syntheetesche Vanillin, dat meeschtens aus Holz oder souguer aus Pëtrol hiergestallt gëtt. De Goût ass änlech, mee net esou komplex wéi bei der natierlecher Vanill.
Déi frësch Vanill, do ass effektiv de Muerch dat Deierst vun deem Ganzen, mee och d’Schuel kann een ëmmer nach benotzen, och wann een se eng Kéier an der Mëllech opkacht, kann een se dono ënner klorem Waasser ofspullen an dann an de Schäffche leeën, op d’Heizung oder op eng Plaz wou et dréchen ass an da kann een se herno z.B. nach emol an den Zocker maachen. Si soll frësch sinn, si soll gutt richen, natierlech well et e laang gelagert Liewensmëttel ass, soll een oppassen, dass se net ze vill schimmelt. Dacks ass esou e liichte Flom driwwer, wat awer ganz normal ass, dee kann een dann erofhuelen, dat gehéiert mat zu der Vanill dozou. Wat wichteg ass, si muss gutt gelagert ginn, dat heescht fiicht, awer och net éiweg.
D’Rees vun der Vanill ass also eng Geschicht vu Kolonialzäit, Handwierk a Gedold. Vun enger klenger Orchidee an de Bëscher vu Mexiko bis an eis Kichen zu Lëtzebuerg. An déi nächst Kéier, wann Dir eng Vanillglace genéisst, denkt drun: Hannert deem séisse Goût stieche Méint Aarbecht an eng Geschicht, déi iwwer Kontinenter geet.