Op de Punkt gewierztKleng Knoll, grouss Kraaft: Ingwer

Michèle Schons
Hie brennt liicht op der Zong, wiermt vu bannen a gëtt zanter Dausende vu Jore geschat - mir schwätzen haut iwwer den Ingwer.
© pixabay

20/02/2026 Kleng Knoll, grouss Kraaft: Ingwer

Seng Wuerzel gesäit onspektakulär aus: knubbeleg, hellbrong Schuel, gielzegt Fleesch. Awer wat dra stécht, huet et a sech. Den Ingwer kënnt ursprénglech aus Südostasien. Scho viru méi wéi 3000 Joer gouf en an Indien a China kultivéiert, net nëmme fir ze kachen, mee och als Heelplanz. Iwwer Handelsweeër ass en duerno an de Mëttleren Osten an Europa komm. De Spëtzekach Pit Wanderscheid erkläert:

Och do si mer net elo hei em den Eck ënnerwee, mee mir sinn an Indien an a China. Vu dass awer de Weltmaart esou vill dono freet, fänkt och mëttlerweil den Afrikanesche Kontinent un Ingwer unzebauen, mee doheem ass en an der asiatescher Kichen dofir gëtt en och do ganz vill ugebaut.

Wat mécht den Ingwer esou speziell? Et ass virun allem de Schaarfstoff Gingerol. Deen ass responsabel fir déi typesch, waarm Schäerft an och fir vill vun de gesondheetleche Wierkungen. Ingwer gëllt als entzündungshemmend, e reegt d’Verdauung un an hëlleft géint Iwwelzegkeet. Ob bei Erkältung oder engem schwaache Mo, vill Leit schwieren op en Ingwer-Téi.

Déi Ingwershots kennt jo all Mënsch, dat ass gutt fir den Immunsystem. Et ass effektiv esou, well dat eng richteg Powerknoll ass, déi richteg eppes matbréngt. Et ass natierlech net fir jiddereen, well wie schonn mol esou en Ingwershot frësch gedronk huet, dat huet eng agreabel Schäerft, bis hin zu desagreabel, dat brennt dann eng Kéier richteg, mee do dot der ärem Kierper eppes Guddes dermat.

An der Kichen ass den Ingwer haut net méi e Luxus, mee e feste Bestanddeel vu ville Platen. An asiatesche Curryen, an Zoppen, als Gewierz am Wok, oder och an eiser Kichen: am Kuch, an der Zooss oder als frësche Shot moies.

Eng Bouchée à la Reine mat Ingwer ass vläicht elo net grad dat richtegt, awer op där enger Säit kënne mer soen - mir si ganz klassesch am Beräich vu Curry’en doheem, vun asiatescher Kichen, vu Wok-Platen, awer et geet natierlech och op enger wonnerbarer Zalot. Wa mer dann awer elo déi eenzel Grond-Matière kucken, op een elo e Fësch, e Saumon oder e Poulet oder Rëndfleesch hëlt, do verdréit sech alles gutt mat Ingwer, och wat d’Geméiser ugeet, do passt den Ingwer iwwerall, et gëtt awer eben ëmmer en asiateschen Touch.

Frësch erkennt een gudden Ingwer un enger glater, net verschrompelter Schuel. Gelagert gëtt en am beschten kill an dréchen, oder am Frigo. Hien kann och agefruer ginn an dono direkt gerappt ginn.

Pit Cooks The World

Back to Top
CIM LOGO