Op de Punkt gewierztKanéil - Méi wéi nëmmen e Wantergewierz

Michèle Schons
Wann et no Wanter richt, no Chrëschtdag oder no frëschem Gebäck da läit meeschtens ee Gewierz an der Loft: Kanéil. Mee dëst brongt Polver ka vill méi wéi nëmmen eis Kichelcher aromatiséieren.
© pixabay

Kanéil - Méi wéi nëmmen e Wantergewierz

Kanéil kënnt ursprénglech aus Sri Lanka a gëtt aus der Schuel vum Kanéilsbam gewonnen. Dës gëtt geschielt, gedréchent a rullt sech dobäi ganz natierlech zu de bekannte Kanéilsstaangen zesummen. Schonn an der Antik war Kanéil e wäertvolle Produit. Arabesch Händler hunn en iwwer d’Seidestrooss an Europa bruecht. Am Mëttelalter war e sou deier, datt e bal wéi Gold gehandelt gouf. De Spëtzekach Pit Wanderscheid erkläert:

De Kanéil ass ganz interessant, well et 2 grouss Zorte ginn. Dat eent ass den Ceylon Zimt, dat ass deen, dee mer als richtege Kanéil empfannen an da gëtt et de Cassia Zimt, dat ass deen, deen dacks an der Industrie mat ënnert deen anere gemëscht gëtt, mee dee gëllt als net richtegen Zimt. Déi zwee ënnerscheede sech, well de Cassia Zimt e ganz décke Bord huet, an deen aneren huet e ganz dënne Rand. Wichteg ass, dass just den Ceylon Zimt als richtege Kanéil gëllt, well deen aneren och a groussen Dose gëfteg ass.

Nieft sengem intensive Geroch huet Kanéil och eng laang Traditioun als Heelplanz. E wierkt antibakteriell, entzündungshemmend an ënnerstëtzt d’Verdauung. Besonnesch bei engem schwaache Mo gëtt Kanéil gären als Téi oder a waarmem Gedrénks benotzt. Etüde weisen och, datt Kanéil de Bluttzockerwäert positiv beaflosse kann. An der Kichen ass Kanéil e richtegt Multitalent.

An der europäescher Kichen associéiere mer e ganz dacks mat séisse Platen oder mat séisser Kichen, et ass awer esou dass dat iwwert déi ganz Welt anescht verdeelt ass. Am Marokko ass de Kanéil Deel vun der salzeger Kichen a wann een elo eriwwer geet a Mexiko, do ass e ganz vill associéiert mat Schockela. Do ginn et ganz vill Zosen a Preparatioune wou en éischter häerzhaft eriwwer kënnt. Bei eis ass et éischter esou dass de Kanéil fir de grousse Chrëschtdag steet.

Kanéil ass also vill méi wéi nëmmen e Wantergewierz. Hien huet eng spannend Rees hannert sech, vu südasiatesche Plantagen bis an eis Kichen a verbënnt Geschicht, Gesondheet a Genoss an engem eenzegen Aroma.

Zum Beispill, wa mer elo eriwwer ginn an Nordafrika, an der marokkanescher Kichen, do kann een eng super Tajine dermat maachen, anerwäerts, wa mer an Indie ginn, do gehéiert en natierlech a Curryen a wou een en och nach ka präparéieren, ass en engem gudde Wëldragout, dat wär jo natierlech hei fir eis Géigenden. An dann ass en natierlech fir séisst Gebäck oder Schockela iwwerall ze notze wou mer e gären hunn.

Nieft der Kichen fënnt ee Kanéil och an der Aromatherapie. Säin waarmen, séissen Doft soll berouegen a Gléckshormoner fräisetzen.

Pit Cooks The World

Back to Top
CIM LOGO