
Am Gemengenhaus vun Anvaing an der Belsch, südwestlech vu Bréissel an net wäit vun der franséischer Grenz ewech, gouf eng Receptioun fir déi groussherzoglech Koppel organiséiert. "An enger häerzlecher a geselleger Atmosphär stoungen déi vill Erënnerungen an déi enk Verbonnenheet vun der Grande-Duchesse mat Anvaing, enger Uertschaft, déi hir bis haut um Häerz läit, am Mëttelpunkt", schreift d'Cour Grand-Ducale an de soziale Medien.