Vakanzen - Iwwer d'Feierdeeg an d'Sonn"Alles was Flügel hat und fliegen kann ist in der Luft"

Christophe Hochard
Tëscht 16 an 18 Fligere vun der nationaler Fluchgesellschaft sinn iwwer déi kommend Feierdeeg am Asaz. D'Kanaresch Insele bléiwen den Toppfavorit bei de Leit.
Vakanzen - Iwwer d'Feierdeeg an d'Sonn
Tëscht 16 an 18 Fligere vun der nationaler Fluchgesellschaft sinn iwwer déi kommend Feierdeeg am Asaz.

Zeg dausende Leit profitéiere vun der Chrëschtvakanz, fir dem groen Alldag de Réck ze dréien an d’Sonn ze sichen. Eleng e Samschdeg de Moie goungen tëscht 6 a 7 Auer eng 15 Flich gréisstendeels vun der nationaler Fluchgesellschaft um Findel eraus. D’Sonnen-Destinatioune ginn hei dacks erausgesicht.

Vakanzenzäit wärend de Feierdeeg
Wou geet et fir d’Leit um Findel hin?

D’Kanaresch Insele sinn a bléiwen déi beléiftsten Destinatioun fir d’Vacancieren. En Ofstiecher op Djerba, Malaga, Palma, Porto, Ägypten, Porto, Funchal, London oder Dubai maachen d’Leit awer och gären. “Wir freuen uns darauf, drei Prozent mehr Passagiere begrüssen zu können über die Feiertage als im vergangenen Jahr”. Dëst verréit eis den Thomas Fischer vun der Luxair.

“Teneriffa und Gran Canaria sind die Evergreens”. Sou den Thomas Fischer weider. “Ägypten hat sich wieder sehr gut erholt. Das Angebot wird sehr gut angenommen. Nicht nur aus dem luxemburgischen Markt sondern auch der Grenzregion, Frankreich, Belgien, Deutschland”.

3 Prozent méi Passagéier bei der Luxair, wéi nach am Joer 2024
Punkto Destinatiounen, sou déi Responsabel, wieren d’Choixen bei de Passagéier ganz diverse.

Um 6.40 Auer ass de Luxair Vol op Dubai erausgaangen. Ier et souwäit war, huet d’Crew awer nach e puer Virbereedunge missen treffen. “Eng Stonn a 15 Minutte virum Depart hu mir eis als Crew getraff, fir de Vol ze beschwätzen” erzielt mir de Pilot Laurent Donteri. Zanter 25 Joer ass hie fir d’Luxair am Déngscht. “D’Fléie war ëmmer eng Passioun fir mech. Déi ganz Technologie a wéi een e Fliger iwwerhaapt an der Luucht kann halen”.

Vill Aarbecht och fir d'Piloten
“Eng Stonn 15 Minutte virum Depart hu mir eis als Crew getraff fir de Vol ze beschwätzen.” Dat seet de Pilot Laurent Donteri.

Méi an Toun a Bild gesitt dir e Samschdeg den Owend am Journal um 19.30 Auer op der Tëlee.

Back to Top
CIM LOGO