
Ass Pizza net awer gutt fir d’Gesondheet? A wéi héich ass d’Reiwungskraaft tëscht engem Schong an enger Bananneschuel, wann een iwwert d’Schuel ausrëscht? Fuerscher aus der ganzer Welt beäntweren all Joer op en Neits esou liewenswichteg Froen.
Och 2019 goufen nees déi witzegst Recherche mam Ig-Nobelpräis priméiert, dee vum humoristesche wëssenschaftleche Magasinn “Annals of Improbable Research” an d’Liewe geruff gouf. Mat dëser Auszeechnung wëllen d’Organisateuren “dat Ongewéinlecht feieren, d’Fantasie éieren - an den Interessi vun de Mënsche fir d’Wëssenschaft, d’Medezin an Technologie fërderen.”
Geéiert gouf ënnert anerem den Uni-Professer Andreas Voss a säi Jong Timothy, déi zesumme mam Habip Gedik erausfonnt hunn, wéi ee Pabeiergeld aus wéi engem Land déi geféierlechst Bakterie verbreet.
Genausou spannend ass d’Studie vun engem japanesche Fuerschungsteam. Si hunn erausfonnt, wéi vill Spaut e fënnef Joer alt Kand produzéiert. Den Ig-Friddensnobelpräis ass dëst Joer un eng international Aarbechtsgrupp gaangen, déi gemooss huet, wéi glécklech de Mënsch ass, wann e Bass huet.
D’Ofschlossriede sti wéi d’Recherche ganz am Zeeche vum Humor. Wann e Gewënner méi laang wéi 60 Sekonne schwätzt, gëtt en direkt vun enger Kannerstëmm ënnerbrach, déi seet: “Ophale w.e.g., ech langweile mech...”.