Fan-Artikele verkafBernie Sanders notzt eege Foto fir gudden Zweck

RTL Lëtzebuerg
Zanter der Amtsaféierung vum Joe Biden als neien US-Presient ass net just d'Bild vum Bernie Sanders Kult ginn, mä och säin Outfit.
© AFP Archivbild

Den Outfit mam Parka an de Stréck-Händsche war wuel net grad, den Outfit, deen ee fir esou eng Zeremonie undeet, ma de lässege Look ass méi wäert wéi ee mengt.

D’Sanders-Team huet e Mëttwoch matgedeelt, dass Fan-Artikele mam Bild vum US-Senateur am berüümten Outfit drop bannent 5 Deeg 1,8 Milliounen US-Dollar - ëmgerechent 1,5 Milliounen Euro - abruecht hunn.

Dës Sue solle fir de gudden Zweck agesat ginn a fléissen an eng benevolle Organisatioun am Bundesstaat Vermont, deen den 79 Joer ale US-Senateur vertrëtt.

Dat vun der Noriichtenagence geknipste Sanders-Bild gouf immens séier zum Internet-Hit. D’Leit rappe sech drëm e Sweatshirten, T-Shirten an aner Artikele mat deem Bild drop ze kafen. D’Nofro ass mëttlerweil esou grouss, dass d’Produktioun mol net méi séier genuch no kënnt. D’Cliente musse sech deemno e puer Woche gedëllegen.

“Grumpy chic": Bernie Sanders gëtt duerch säin Outfit zum viralen Hit

Back to Top
CIM LOGO