VIDEO-ReportageDe groussen Toiletten-Test an der Stad Lëtzebuerg

RTL Lëtzebuerg
Tëscht 15 an 20 Minutten den Dag, also ronn 1 ganzt Joer vun eisem Liewe verbrénge mir op der Toilette. An dat warscheinlech am Léifste bei sech doheem.
De groussen Toiletten-Test an der Stad Lëtzebuerg
Tëscht 15 an 20 Minutten den Dag, also ronn 1 ganzt Joer vun eisem Liewe verbrénge mir op der Toilette. An dat warscheinlech am Léifste bei sech doheem.

Heiansdo kënnt een awer net dolaanscht, eng ëffentlech Toilette ze benotzen. Am Summer, wa Héichbetrib an der Stad Lëtzebuerg ass, ginn eng 140.000 Benotzunge vun den Toilettë mat Personal gezielt. Mee si se wierklech sou schlecht wéi hire Ruff? Dat huet d’Vidosava Kuzmic virun der Corona-Pandemie fir eis getest, an d’Stater Toilettë méi genee ënnert d’Lupp geholl.

Wien an der Stad Lëtzebuerg no ëffentlechen Toilettë sicht, dierft séier eng fannen. 32 Stéck sinn um ganze Gebitt vun der Stad verdeelt, ronn d’Hallschent dovun ass gratis. Mee a wéi engem Zoustand sinn dës Toiletten? Dat wëll ech erausfannen a maachen eng kleng Stéchprouf. Ugefaange mat den Toiletten ënnert dem Cercle Cité. D’Toilettë si modern, gutt an der Rei an extrem propper, wann ee bedenkt, wéi vill Leit hei all Dag eran- an erausginn.

Anescht gesäit et do bei der nächster Toilette aus, déi ech ënnersichen: d’Toilette am Gronn direkt nieft dem Lift, dee mam St.-Esprit-Plateau verbonnen ass. Wuel gemierkt ass et ëmmer eng Saach vu Chance, a wéi engem Zoustand een eng Toilette virfënnt – ofhängeg dovun, wéini d’Botzpersonal do war a wie virun engem um Cabinet souz. Déi lescht Persoun, déi dës Toilette benotzt huet, huet net sou gutt opgepasst. Mee ech hu scho Schlëmmeres gesinn. D’Toiletten am Gronn: kleng, düster, al – mee d’Sanitäranlage funktionéieren.

Mee wie këmmert sech eigentlech ëm den Entretien vun de Stater Toiletten? De Gilles Rob a Laurent Schwaller vun der Gemeng erklären, dass d’Aarbecht op de Service Maintenance an de Service Hygiène opgedeelt gëtt. Ma net all ëffentlech Toilette um Territoire vun der Stad gëtt och vun der Stad geréiert. Vun den 32 Toilettë gehéieren der ronn 20 der Stad. De Rescht gëtt zum Beispill vu Parkhaiser, den CFL oder aneren Institutioune geréiert.

Viru 5 Joer huet d’Stad decidéiert, verschidden Toilettë gratis unzebidden. Dobäi kommen dann nach Investissementer fir d’Installatioun vun neien Toiletten am Kader vun Amenagementsprojeten. Wéi vill Suen awer an d’Toilettë fléissen, huet d’Gemeng eis net verroden. Qualitéit steet am Virdergrond. Virun allem bei den neien Toilettë gëtt e grousse Wäert op d’Accessibilitéit, d’Visibilitéit a Confort-Elementer, wéi zum Beispill e Wéckeldësch, geluecht.

Dës méi nei Generatioun vu Toilettë fënnt een ënnert anerem och an der Péitruss, op der Spillplaz nieft dem Skatepark. An déi hunn ech och getest. Am Prinzip sinn dës Toilettë gratis. Déi Kabinnen, déi awer behënnertegerecht sinn an ee Wéckeldësch hunn, kaschten 1 Euro. Leit am Rollstull komme mat hirem Eurokey natierlech gratis eran. D’Zil vum Bezuel-System ass et, den Accès ze limitéieren, fir dass dës Toiletten esou propper wéi méiglech bleiwen. Alles an allem ass dës Toilette mat allem equipéiert, wat ee brauch, a propper ass se och.

Fazit vum Test: 7 Toiletten (Cercle Cité, Knuedler, Gëlle Fra, Péitruss, Spillplaz mam Pirateschëff, Glacis, Gronn) hunn ech mir am Ganzen ugekuckt an et war keng eng béis Iwwerraschung dobäi. Verschidden Toilettë si méi almoudesch, mee och déi sollen no an no renovéiert ginn. Wat d’Unzuel vun ëffentlechen Toiletten ugeet, muss d’Stad Lëtzebuerg sech net verstoppen. Geografesch gesinn hu mer an der Stad op 1,7 Quadrat-Kilometer eng Toilette. Am Verglach: zu Berlin ass et eng Toilette op 3,3 Quadrat-Kilometer.

Mee wat mécht een dann, wann ee keng ëffentlech Toilette fënnt? Kann een dann einfach an engem Restaurant, Café oder Geschäft froen, fir sech do ze erliichteren – ouni eppes ze kafen? Mat verstoppter Kamera wollt ech genee dat erausfannen.

An de Geschäfter – ee Schonggeschäft an eent mat Accessoiren – hat ech keng Chance. Op Nofro huet et geheescht, dass et entweder keng Toilettë ginn oder dass d’Vendeusen d’Geschäft net kéinten eleng loossen, fir de Client bis bei déi privat Toiletten ze bréngen, déi fir d’Employéeë reservéiert sinn.

Bei de Restaurateure sinn ech op Hëllefsbereetschaft a Versteesdemech gestouss. A béide getesten Etablissementer konnt ech gratis d’Toilette benotzen, ouni dass ech eppes konsuméiert hunn.

Mee wéi gesäit et vum juristesche Point de Vue aus? Ass zum Beispill ee Restaurateur dozou verflicht, mech op d’Toilette ze loossen, och wann ech kee Client sinn? De Joël Decker, Affekot, deen op Zivilrechtleches spezialiséiert ass, erkläert, dass een als Net-Client kee Kontrakt mam Restaurateur ofgeschloss huet an dass een dohier kee Recht op Uspréch oder Fuerderungen huet.

De Restaurateur dogéint kéint vum Net-Client zum Beispill 50 Cent verlaangen, fir d’Toilette benotzen ze kënnen. Ëmmerhi géif et ëm ee privat Gebai goen, wou de Besëtzer d’Reegele festleet. Hien huet also d’Recht, esou eng Demande ze akzeptéieren oder ze refuséieren an dat ouni sech justifiéieren ze mussen.

Alles an allem kann een e positive Bilan zéien, wat d’Toilettë-Situatioun an der Stad ugeet. Bei den ëffentlechen Toilettë fënnt ee keng Grujel-Cabineten an am Noutfall kann een och am Restaurant oder Café léif nofroen. Well wann ee muss, da muss een.

Back to Top
CIM LOGO