TOP THEMA MAGAZIN - A Portugal ausgewandert (4)De Ricardo a seng Fra hunn eng "Quinta" zu Sintra opgemaach

RTL Lëtzebuerg
All Mëttwoch stelle mer Iech Leit vir, déi a Portugal ausgewandert sinn.
A Portugal ausgewandert: De Ricardo an d'Patricia
All Mëttwoch stelle mer Iech Leit vir, déi a Portugal ausgewandert sinn.

Am leschten Episod vun eiser Portugal Serie geet et haut op Sintra, 20 Minutte vu Lissabon ewech huet dës kleng Stad besonnesch kulturell vill ze bidden. Niewent historesche Gebaier sinn och déi grouss Plagen net wäit ewech.

De Ricardo an d’Patricia hu sech genee an deem Duerf den Dram vum eegene klenge Bed and Breakfast erfëllt. D’Jenny Fischbach an Dominique Da Silva waren d’Koppel besichen.

De Ricardo a seng Fra Patricia hu genee virun engem Joer d’Diere vun hirer Quinta, engem Bed and Breakfast opgemaach. Op 4.500 m2 bidde si 7 Zëmmer un. Alles op 3 Gebaier verdeelt. D’Koppel lieft och um selwechten Terrain an engem separaten Haus.

5 Méint gouf geschafft, bis datt d’Quinta hir Diere konnt opmaachen.

D’Jenny Fischbach huet och e puer Froen op Portugisesch gestallt

De Portrait vum Ricardo op Portugisesch
.

RTL NEWS: A Portugal ausgewandert: “Roude Léiw Club”, dem Gerard Hoss säi Café zu Ericeira
RTL NEWS: A Portugal ausgewandert: D’Justina, de Stéphane an den Anthony hunn eng Locatioun-Agence an der Algarve
RTL NEWS: A Portugal ausgewandert: De Joao Ramos entdeckt säin Heemechtsland mam Camper.

Back to Top
CIM LOGO