Um Mëttwoch fänkt eis Serie iwwer Portugal un, all Mëttwoch stelle mer Iech Leit vir, déi a Portugal ausgewandert sinn.

Den Dram vum auswanderen hu vill Leit, de Schratt et ze woen, di mannsten. De Gerard Hoss ass ee vun hinnen.

De gebiertegen Escher huet virun 12 Joer säi Liewen hei zu Lëtzebuerg hannert sech gelooss an ass op di portugisesch Westküst geplënnert.

An der klenger Surfer-Stad Ericeira, eng 35 km nërdlech vu Lissabon, bedreift hien elo 2 Restauranten an ee Bar, den Numm vum Bar kënnen allerdéngs déi mannste Leit hei ausschwätzen ... de Roude Léiw Club.

Nächste Mëttwoch besiche mer dann eng Famill, déi an der Algarve lieft a schafft.