
Ganz gäre gëtt déi 50 Joer al Klum als “Queen of Halloween” bezeechent, well all Joer investéiert dat fréiert Modell vill Gedanken, Zäit, Geld an Energie an den Design vun hirem Kostüm.
Dëst Joer ass de Choix dunn op de Pohunn gefall. De Kostüm war awer just komplett mat Hëllef vun 10 Dänzer an Dänzerinnen, déi d’Fiederkleet vum Modell duergestallt hunn. Perfektionéiert gouf d’Verkleedung awer vum Tom Kaulitz, dem Mann vun der Heidi Klum: Dësen ass nämlech ganz passend als iwwerdimensionaalt grousst Ee gaangen.
Mir hunn Iech dobaussen opgeruff, Iech eis Verkleedungen eranzeschécken. Fannt d’Impressiounen an eiser Fotogalerie.