Ëmmer méi heefeg gesäit een um leschten Oktober Leit duerch d’Géigend lafen, déi sech verkleet hunn a geleeëntlech och kleng Kanner, déi schelle ginn an no Séissegkeete froen.
An och Halloween-Partyen, sief et an enger Disko, an engem Bistro oder méi gemittlech privat doheem, ginn am Grand-Duché ëmmer méi beléift.
Mir haten eis User opgeruff, datt si eis hir Fotoe eraschécke sollten. D’Resultat fannt der an eiser Fotosgalerie.
