RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Christianne Wickler

Patrick Greis
© Patrick Greis

2007 huet d’Christianne Wickler de ‘Woman Business Manager of the Year Award’ krut. Déi engagéiert Geschäftsfra zielt, dass si schonn als Kand gäre Buttek gespillt huet, an hir professionell Aventure 1992 mat enger Pompelstatioun ugefaangen huet. Mir gi gewuer firwat si net frou mam ‘Carwash’ a Pneuen war, firwat si et just eng Schwangerschaft laang als Deputéiert an der Chamber ausgehalen huet. Mir héiere wéi gutt se mam Camille Gira zesummegeschafft huet, wéi si et bis an d’Spëtzt vun der Cargolux gepackt hat, dass si eng Shopping-Queen ass, um Beki festhält a näischt géint Männer an Uniform huet.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO