Jiddereen dee wël kann en Don vu 25 Euro maachen a kann dann e Karo vu 25 op 25 Zentimeter heekelen. Dëse kann een entweder bei RTL schécken, oder an der Belle Etoile am Accueil ofginn. 800 Stéck gi gebraucht, fir dass e risegt Häerz, dat op enger grousser Baatsch vun 10 op 10 Meter ass, voll gëtt. Am Abrëll wäert Äert Wierk zesumme mat all den aneren Heekel-Wierker un engem Gebai hei am Land opgehaange ginn. Wéi eent genee, dat konnt d’Laura eis nach net soen. No enger Kriibserkrankung an als Infirmière op der Onkologie setzt si sech scho laang dofir an, Suen ze sammelen, fir dass d’Fuerschung weiderkënnt.
Fir ze spende fannt Dir hei de QR-Code.
Momentan si schonn 80 Heekel-Karoe fäerdeg. Falls Dir net heekele kënnt, kënnt Dir och en Don maachen an d’Ekipp fënnt eng Persoun, déi dat dann an Ärer Plaz mécht. Den 18. Abrëll ass nees groussen Télévie-Dag an dëst Joer gëtt ronne Gebuertsdag gefeiert.