
Den Emile Eicher ass de fréiere Buergermeeschter vu Clierf. Am “Café des artistes” beschreift den Deputéierten an aktuelle President vum Syvicol dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel, wéi hien an d’Politik gerëtscht ass a verréit, dass hie seng Fra beim Après-Ski kennegeléiert huet an um Ufank guer net matkritt hat, dass si aus Australien wier. Dat éischt Kand huet hie fir d’éischt an der Zeitung gesinn, ier den houfrege Papp et am Aarm hat. Et geet ëm Schlaangen, Storchen an d’Schwéiermamm. Hien zielt, firwat d’Still am Cube 521 zu Maarnech sou komfortabel sinn a wat d’Fusioun vun der Nordstad mat enger Kaffismaschinn ze dinn huet. Piano: Marc Schmidt
Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.
De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.