
D'WM eng Kéier hautno erliewen, den Dram vu ville Fussballsbegeeschterten. Dat wollt och de Gary Mosar, Influencer, wëssen a war dëst Joer live dobäi.
A genee dat huet hien dëst Joer dann och gemaach an ass, pünktlech fir den Ufank vun der Fussball-Weltmeeschterschaft op déi aner Säit vum grousse Pull geflunn:
"Ech hunn einfach ugefaangen a Mexiko, well do d'Erëffnungsspill war vun der WM. Da si mer vu Mexiko aus op New York geflunn. Do ware mer dann eng Woch an da vun New York aus si mer op Toronto geflunn. Do huet dann och Däitschland gespillt. Do ware mer déi éischte Kéier am Stadion, an da si mer vun do aus direkt den Dag drop op Dallas geflunn an do hu mer dann Argentinien géint Éisträich gekuckt vun do aus da rëm zréck op New York."
An do war de Gary dann och bis gëschter Owend. Impressionnant bei sou enger WM ass nieft de Matcher selwer natierlech och d'Stëmmung.
"D'Stëmmung hei sur Place ass phenomenal. A Mexiko war se am allerbeschten an ech hunn och ënnerschat, datt d'Mexikaner sou eng Fussballnatioun sinn. Déi si scho wierklech verréckt. An Amerika sinn d'Leit och wierklech vill mi oppen. Ech hunn och mat ville Leit geschwat, mat Amerikaner, datt si Fussball nach net sou krass um Schierm haten, mee se si waren awer oppe fir déi WM a si wollte sech dat all mol ukucken. An du mierks richteg, wei se sech dovunner an de Bands zéie gelooss hunn."
An och zu New York, genee sou wéi zu Toronto war de Constat zimmlech dee selwechten. Ma ee vun de groussen Highlighten op der WM war fir de Fussball Influencer den éischte Match a Mexiko:
"Deen Aztekenstadion ass schonn u sech e legendäre Stadion, dee gëtt et scho säit sou laanger Zäit, ee vun den éischte Stadien an ee vun deene gréissten. A wéi mir da moies fréi vum Spilldag do ugereest sinn a virun de Stadion gaange sinn, dat ass wierklech, also, 'ech hunn esou eppes dann ni gesinn, wat do Stëmmung war, wat d'Leit Musek gemaach hu Richtung Stadion. Ech hunn nach ni esou vill Leit an den Tricote gesinn, do hat keen eenzegen normalen T-Shirt un. Et passe 85 000 Leit, mengen ech, an do sur Place waren 150 000 Leit. Du hues sou vill Leit gesinn, déi guer net an de Stadion eragaange sinn, déi si just matgetrëppelt, fir déi Stëmmung mat opzesaugen an dono sinn se halt weidergaangen."
De Präis vun den Tickete war eppes wat dem Gary Mosar net sou gutt gefall huet:
"Et ass jo och vill geschwat gi virun der WM zu den Ticketspräisser. Ech hunn och probéiert an där FIFA-Loterie do eppes ze kréien. Gottseidank krute mer och eppes, mee zum Schluss vum Dag hunn ech zwar da sou een Ticket gewonnen, mee ech misst awer fir een Ticket 220 Euro bezuelen an ech war an der leschter Rei vum Stadion."
Natierlech gëtt dann dohannen och iwwert de sougenannte Resell probéiert, e Maximum u Sue mat deenen Ticketen erauszeschloe wat dësen Event fir vill Leit leider onzougänglech mécht.