D'Marie mécht e Gap Year a Kanada"Ech wollt mir e Joer Zäit ginn, fir méi erwuessen ze ginn"

Céline Spithoven
D’Marie Bintener ass 19 Joer al. Am Summer 2025 huet si hir Première ofgeschloss. E wichtege Schratt, dee fir vill Jonker direkt an dat nächst Kapitel féiert. Uni, Ausbildung oder Aarbechtsmaart.
D'Marie Bintener a Canada
D’Marie Bintener a Canada
© Marie Bintener (privat Foto)

Fir d’Marie war séier kloer, dass si nach net prett ass, direkt weider ze marschéieren. Amplaz sech direkt festzeleeën, huet si decidéiert, sech Zäit ze huelen. Zäit, fir méi erwuessen ze ginn, fir Erfarungen ze sammelen a virun allem, fir sech selwer besser kennenzeléieren. „Ech wëll duerno bei d’Police goen, mee ech hu fonnt, dass ech mat 19 vläicht nach e bëssen ze jonk sinn“, seet si. Haut sëtzt d’Marie dofir net an engem Auditoire an dréckt d’Schoulbänk, mee a Kanada a schafft hei op de verschiddenste Plaze fir Logement an e waarmt Iessen.

D’Iddi, fir an dat grousst Land op der anerer Säit vum Atlantik ze goen, koum net vun ongeféier. „Ech war 2019 hei an der Vakanz. Mir hunn eng Lëtzebuergerin kennegeléiert, déi och hei Work & Travel gemaach huet, ech war direkt faszinéiert“, erzielt d’Marie.

Sou e Gap Year, also e Joer, wou een eppes mécht wéi studéieren oder schaffen, kléngt no Fräiheet an Abenteuer, mee hannendrun stécht vill Virbereedung. Vill Administratioun, vill Organisatioun – an och finanziell muss ee gutt opgestallt sinn. D’Marie huet dofir all d’Suen zesummegespuert, déi si an de leschte Joren an de Schoulvakanze bei Studentenjobs verdéngt hat. „Et ass net näischt, mee ech wollt onofhängeg sinn“, seet si.

Vill éischte Kéieren

An der Praxis heescht dat awer och, Verantwortung ze iwwerhuelen, heiansdo fir d’éischte Kéier am Liewen. „E Bankkonto opmaachen, eng Telefonsnummer hunn, kucken, wou ech schlofen a wat ech iessen, dat sinn alles Saachen, déi ech lo wierklech eleng maache muss“, erkläert d’Marie. Och wann si nach all Dag a Kontakt mat hiren Elteren ass, mierkt si: „Et ass lo méi Responsabilitéit op engem, well ee wierklech op sech eleng gestallt ass.“ A Kanada këmmert d’Marie sech net nëmmen ëm sech selwer, mee geet och schaffen an engagéiert sech benevole. Ënnert anerem huet si zwanzeg Stonnen d’Woch an engem Hostel geschafft, am Austausch géint Logement an Iessen, mee och op engem klengen Haff. Net all Erfarung war positiv, mee och dat gehéiert dozou.

All Erfarung ass wäertvoll“, seet d’Diana Reiners, Direktesch vun der Maison de l’Orientation. E Gap Year wier keng verluer Zäit, am Géigendeel. Et erlaabt Jonken, sech ouni direkten Drock auszeprobéieren. „Och Erfarungen, déi vläicht ganz ausserhalb vum gewinnten oder geplangte Kader leien, spillen iergendwann am Liewen eng Roll – vläicht bei enger Decisioun.

Gap Year Deel 2

E Gap Year ass ganz individuell. Jidderee muss fir sech entscheeden, wat e mat där Zäit ufänke wëll a wou et higoe soll. Wichteg wier et awer, e Plang ze hunn a sech kloer Ziler ze setzen. Wien et gären e bësse méi encadréiert hätt, fir deen ass eventuell de Service volontaire vum Service National de Jeunesse (SNJ) eng Optioun. Egal op Kultur, Sport oder am soziale Beräich, et ass eng Méiglechkeet sech an engem Projet mat Utilité publique anzebréngen. „Et ass ganz villfälteg. Wichteg ass, dass déi Jonk sech engagéieren an dobäi och Selbstvertrauen opbauen“, seet d’Nathalie Schirtz, Directrice adjointe vum SNJ. Vill Jonker géifen no hirem Volontariat vill méi gestäerkt zeréckkommen. „Ganz dacks sinn et zwou ënnerschiddlech Persounen, ier se fortginn an nodeems se zeréckkommen.“ E weidere Virdeel: Dëse Volontariat ass och fir Jonker accessibel, déi finanziell net esou gutt opgestallt sinn. Déi Fräiwëlleg kréien e klengt Täschegeld a si bei der Krankekeess ugemellt.

Ausland ass kee Muss

Den SNJ bitt sou munch Missiounen a Volontariater un an dës sinn net all am Ausland. Fir déi, déi léiwer hei am Land e Gap Year maachen, gëtt et och e grousse Choix. Eng weider Optioun ass awer och den Diplom+ vum Educatiounsministère. „Dat ass e Programm, deen aus verschiddene Modüllen opgebaut ass“, erkläert d’Diana Reiners. D’Participante kréien Orientation professionnelle, ginn op d’Aarbechtswelt virbereet, bauen digital Kompetenzen op a maachen och praktesch Formatiounen, wéi zum Beispill en Éischt-Hëllefs-Diplom oder Hand-on-Atelieren am sozialen, artisteschen oder Management-Beräich. „Am Fong gi mir de Jonken dat mat, wou ee sech als Erwuessenen dacks seet: Dat hätt ech gären an der Schoul geléiert.“ Mëttlerweil ginn et och zwou Perioden, an deenen ee sech fir den Diplom+ aschreiwe kann. Fir d’Semester am Fréijoer kann ee sech nach bis de 16. Januar umellen.

Gap Year Deel 1

Gap Year: Kee Lach am CV, mee eng Erfarung fir d’Liewen

D’Geschicht vum Marie steet beispillhaft fir vill Jonker, déi sech bewosst Zäit huelen, ier si hir nächst grouss Entscheedung treffen. Egal ob duerch eng Erfarung am Ausland, e Programm wéi den Diplom+ oder en Engagement beim SNJ. E Gap Year kann hëllefen, wichteg Erfarungen ze sammelen, méi selbststänneg ze ginn an den eegene Wee méi kloer ze gesinn. Fir d’Marie ass dës Zäit virun allem eng Saach: eng Chance, fir ze wuessen. Oder wéi si et selwer seet: „Ech wollt mir einfach e Joer Zäit ginn.“

D'Broschür "Boost! Gap Year" vun der Maison de l'orientation

Back to Top
CIM LOGO