Chrëschtdag bei de GrimaldisFürst Albert a Charlène publizéiere glamouréis Chrëschtdagskaart

RTL Lëtzebuerg
Déi europäesch Kinnekshaiser sinn a Chrëschtdagsstëmmung.
© AFP

Nodeems ënnert anerem dat brittescht Kinnekshaus seng Chrëschtdagskaart vun dësem Joer op Social Media gewisen hat, ass elo dat monegassescht Fürstenhaus nogezunn.

Op hirem Instagram-Kanal ass déi nei offiziell Chrëschtdagsfoto vum Fürst Albert II. a senger Fra, Fürstin Charlène vu Monaco, ze gesinn. De Familljeportrait weist awer net nëmmen d’Koppel, ma och hir zwee Kanner Jacques a Gabriella.

Déi ganz Famill ass festlech ugedoen an am Hannergrond ass déi glamouréis gëldeg Chrëschtdagsdeko ze gesinn.

Back to Top
CIM LOGO