E betrëfft hei zu Lëtzebuerg nëmmen Dauwen, dofir awer déi ganz Famill, egal ob Stad-, Wëll- oder Bréif-Dauwen.
De Paramyxovirus ass héich ustiechend a ka fir d’Dauf déidlech sinn. Den neurologeschen Nervesystem gëtt a kuerzer Zäit zerstéiert. Symptomer si gutt um Behuele vum d’Déier z’erkennen. Hire Kapp steet schif, si huet Gläichgewiichtsproblemer, kann net méi fléien a sech net méi eegestänneg ernieren.
Dës Symptomer si fir all wëll Dauf fatal, well se entweder liicht Fudder fir hir natierlech Feinde gëtt oder ganz einfach verhéngert. Et geet riets vun enger Morbiditéit, also engem Infektiounseffizienz vu ronn 20 %. Dëst heescht awer net, dass bei all Dauf de Virus identesch selwecht reagéiert.
Dauwen, déi geimpft sinn, kënnen Träger sinn, ouni dass Symptomer optrieden. Wat Impfstoffer ugeet, sou gëtt et een, deen bedéngt wierkt, well de Virus sech stänneg weiderentwéckelt, oder souguer mutéiert. Well d’Dauf en nidderegen Stellewäert am Déiereschutz huet, gëtt hei am Land nach net all ze vill ënnerholl an d’Pharmaindustrië hunn och keng Interêten, d’Impfstoffer unzepassen.
Hei zu Lëtzebuerg gëtt de Problem awer vum Veterinäreslaboratoire observéiert, fir eng Epidemie ze vermeiden. Fir de Mënsch besteet absolut keng Gefor a fir Gefligel oder aner Vullenzorte gëtt et och keng Zeechen, dass de Virus op si kéint iwwergoen. Fir de Virus an de Grëff ze kréien, misst een den Dauwebestand kontrolléieren, mat dem Austausche vun de richtegen Eeër mat falschen an den Dauweschléi, wat a ville Gemenge scho gemaach gëtt. Soss ass et wichteg, déi krank Dauwen vun de Gesonden ze trennen, fir dass de Paramyxovirus PPMV1 net zur Epidemie gëtt.