
De Samuel Wirtz war mat sengem Co-Pilot bei der Twing Raid um Depart. Et war déi drëtt an zugläich déi gréisst Editioun vun dëser verréckter Kombinatioun aus Rallye, Aventure a Solidaritéit. Kleng Twingoen fuere 4.000 km tëscht San Sebastian a Marrakesch. No aacht Méint Preparatioun waren den Auto an den Equipage prett fir op 870 Participanten ze stoussen. Zesumme gouf déi mënschlecht an edukativ Erausfuerderung gutt gemeeschtert an si haten net eng eenzeg Pann oder e Platten.
Den 12. Mee kënnt de Jasper Steverlinck op Diddeleng. 'Opderschmelz' wäert hien och dee Leschten vu sech iwwerzeegen
a mat senger eemoleger Stëmm begeeschteren. Hien ass ee vun de populäersten Artisten aus der Belsch aus de leschten 20 Joer, an huet eng Stëmm wéi Kristall, déi duerch Mauere geet. Mat der Formatioun 'Arid' huet de Jasper um 'Rock Werchter' gespillt, an elo fëllt hien als Solokënschtler grouss Säll mat enger Mëschung déi vu Klassik, iwwer Pop a Rock bis bei Metal geet, a scho vum Bono an dem Randy Newman bis iwwer de Kléi gelueft gouf.

De Serge Van Kaufenbergh bréngt Europa- a Weltmeeschter aus dem Billard op Lëtzebuerg. Vum 7. bis den 10. Mee begéint een um GRIDX Wickreng déi Bescht vun de Beschten, wa si openaner treffe beim 'Predator Euro Tour Luxembourg Open 2026'. Dat gouf et sou nach ni zu Lëtzebuerg. Fir d'éischte Kéier a 34 Joer ass nees e Mega-Event am Billard op Lëtzebuerger Buedem, an d'Entrée ass fräi. 36 Natioune sinn um Start dorënner och grouss Spiller aus China. Top-Spiller ass awer de Joshua Filler aus Däitschland (duebele Weltmeeschter). Gespillt gëtt op 20 Dëscher an um Spill steet e Präisgeld vun 80.700 Euro.

De Laurent Rausch, dee selwer Pilot ass, preparéiert déi traditionell Biergcourse vun Eschduerf déi de Weekend gefuer gëtt. D'Streck ass bekannt fir hir Vitess a beléift fir hir Kéieren. Den Top-Speed leit bei 235 km/h an dofir ass se net just aus dem Lëtzebuerger Motorsportkalenner net méi ewech ze denken. Op 1850m fënnt een alles, wat fir Spannung suergt, an dofir pilgeren d'Fans och all Joer op Eschduerf fir sech dëse Rennspektakel net entgoen ze loossen. Fir all grouss Fans ënner 14 Joer ass de Spaass souguer gratis.
