RTL-AfterworkDen entspaanten Interview, dës Woch mam Ali Kaes

Patrick Greis
Den Ex-Député-Maire aus der Gemeng Tandel ass duerch de Fussball an d'Gewerkschaft bekannt ginn.
© Patrick Greis

Am "Café des artistes" am Gronn zielt de "Kéis" dem Dan Spogen, Raoul Roos a Mike Fandel, dass hie mam Marc Spautz um Päerd ausgeridden ass an och alt emol fir d'Kanner um Fuesbal de Clown gespillt huet.

De geléierten Dréier erënnert sech, wéi en am Schwäistall entschlof war an enger Nonn gehollef huet, e Källefchen op d'Welt ze bréngen. Mir héieren, wéi e sech géint de Minister aus senger eegener Partei fir en Eenheetswaasserpräis agesat huet a mat der Police de Spunnes gemaach hat, an hie gëtt zou, senge Chamberkolleege reegelméisseg Eeër an Zoossisse mat op de Krautmaart bruecht ze hunn.

Piano: Marc Schmidt

Wann der am “Café des artistes” wëllt live derbäi sinn, da maacht elo en SMS op de 62468 (50cent/SMS) Stéchwuert “Afterwork"+ Ären Numm.

De komplette Podcast fannt Dir op iTunes, Spotify an op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO