
Eng Hormontherapie, fir d’Wiesseljoren ze bekämpfen, erhéicht laangfristeg de Risiko op Broschtkriibs bei Fraen. Dëst souguer nach Joren, nodeems d’Therapie ofgeschloss ass. Dat huet en internationaalt Fuerscherteam no der Auswäertung vun 58 Studien zu deem Thema an der Fachzäitschrëft “The Lancet” publizéiert. D’Wëssenschaftler hunn erausfonnt, dass bal all Form vun enger Hormontherapie de Risiko op Broschtkriibs op laang Dauer erhéicht.
D’Wiesseljore fänke bei de meeschte Frae vum 45. Liewensjoer un. D’Funktioun vun den Eeërstäck hëlt lues a lues of, doropshi fält den Estrogenspigel an de Progesteron verschwënnt bal ganz aus dem Kierper. Bei dësen Ëmstellungen hu verschidde Frae mat Hëtzewallungen, Schlofproblemer a Stëmmungsschwankungen ze kämpfen. Eng Hormontherapie soll an deene Fäll hëllefen, dës manner schlëmm ze maachen.
An Europa an Nordamerika maachen ongeféier 12 Millioune Fraen esou eng Hormontherapie. Dobäi kann sou eng Therapie e puer Joer daueren. An der Etüd ass elo erauskomm, dass de Risiko op Broschtkriibs bis elo wahrscheinlech ënnerschätzt ginn ass.
D’Team vu Fuerscher hat d’Donnéeë vu knapps 500.000 Fraen ausgewäert, déi an de Wiesseljore waren. Verschidde Fraen haten iwwert eng Zäit laang eng Hormontherapie gemaach, anerer haten nach ni Hormoner geholl. Méi wéi 100.000 vun dëse Frae waren u Broschtkriibs erkrankt. D’Analys huet gewisen, dass bal all Form vun Hormonbehandlung de Risiko op Broschtkriibs erhéicht huet.
De Risiko vun enger Erkrankung ass awer och ofhängeg vun der Behandlungsdauer. Eng Behandlungsdauer vun 10 Joer mat Hormonen erhéicht d’Gefor, Broschtkriibs ze kréien, ëm dat duebelt, wéi eng Behandlung vu 5 Joer. Manner grouss ass de Risk bei enger Behandlung vun engem Joer oder bei enger lokaler Form vun der Therapie, wéi zum Beispill Crèmen, déi net an de Bluttkreeslaf kommen.