
Ëmmer nees kréie verschidde Leit ze héieren, dass se “hangry” wieren, eng Mëschung aus “angry” an “hungry”. Laang Zäit war dat just eng Ausdrocksweis fir déijéineg ze beschreiwen, déi hir Emotiounen net gutt kontrolléiert kréien, wa se hongreg ginn. Dass et effektiv en Zesummenhang tëscht Honger a Roserei gëtt, dat wëlle Fuerscher vun der Anglia Ruskin University elo erausfonnt hunn. Wien hongreg ass, huet méi heefeg mat negative Gefiller ze kämpfen, sou de Constat vun de brittesche Fuerscher.
Am Kader vun der Etüd, déi am Fachmagasinn “PLOS ONE” verëffentlecht gouf, goufen Donnéeë vun iwwer 60 Erwuessenen ausgewäert, déi virun allem aus Éisträich an Däitschland stamen. An engem Zäitraum vun 3 Wochen hunn d’Testpersoune fënnef Mol den Dag missen hiert Hongergefill an hire Gemittszoustand beschreiwen. Dobäi gouf en däitlechen Zesummenhang tëscht dem Hongergefill an negativen Emotiounen nogewisen.
Wat déi genee Ursaach fir den Zesummenhang tëscht dem Honger an der Roserei ass, dat konnt allerdéngs nach net gekläert ginn. De Wëssenschaftler Viren Swami geet dovunner aus, dass eng méiglech Äntwert kéint sinn, dass d’Gehier d’Emotiounen net méi sou gutt kontrolléiere kann, wann de Bluttzocker bis fält. Dat sot de Fuerscher vun der Anglia Ruskin University an engem Gespréich mat DPA. Eng aner Erklärung ka sinn, dass hongreg Mënschen anescht op hiert Ëmfeld reagéieren an et als stéierend empfannen. Leit, déi sat sinn, reagéiere manner sensibel op déi selwecht Facteuren. Dowéinst geet d’Fuerscherteam ronderëm de Swami dovunner aus, dass et “warscheinlech eng komplizéiert Kombinatioun aus béidem” ass. De brittesche Wëssenschaftler vun der Anglia Ruskin University ass awer iwwerzeegt dovunner, dass psychologesch Grënn eng méi grouss Roll spille wéi de Bluttzockerspigel.
Dowéinst den Tipp vum Leeder vun der Etüd: “Wann ech rose sinn, muss ech no der Ursaach vun der Roserei sichen”. Ass een “hangry”, geet et also duer, eppes Klenges z’iessen.