Am Madison Square GardenNew York preparéiert sech op d'Hochzäit vum Taylor Swift mam Travis Kelce

AFP, iwwersat vun RTL
An den USA verdichte sech d'Indicen, datt d'Hochzäit vum Joer kuerz bevirsteet. D'Pop-Musekerin Taylor Swift an de Football-Profi Travis Kelce solle sech nach dës Woch d'Jo-Wuert ginn.
New York preparéiert sech op d'Hochzäit vum Taylor Swift an Travis Kelce
An den USA verdichte sech d'Indicen, datt d'Hochzäit vum Joer kuerz bevirsteet.

D'"New York Times" an aner Medie ginn dovun aus, datt d'Feierlechkeeten en Donneschdeg den Owend Lokalzäit an der berüümter Sport- a Concertsarena Madison Square Garden matten a Manhattan lassginn.

Den New Yorker Buergermeeschter Zohran Mamdani huet d'Spekulatiounen nach weider ugefeiert. An enger Pressekonferenz zu der Hëtztwell, déi New York bevirsteet, huet den New Yorker Buergermeeschter gegeckst: "Wann Dir zoufälleg am Madison Square Garden bestuet gitt, wäert Dir banne bleiwen an et bleift schéi kill."

D'"New York Times", d'Chaîne ABC a verschidde Klatschmedien hu bericht, datt d'Taylor Swift an den Travis Kelce, allen zwee 36 Joer al, e Freideg am Madison Square Garden solle bestuet ginn. En Donneschdeg soll et een Owesiessen am klenge Krees ginn, ier et dann e Freideg eng "spektakulär Feier" mat ronn Dausend Leit soll ginn.

Back to Top
CIM LOGO