Sonnecrèmen ënnerscheede sech an 3 Haaptpunkten: dem Sonneschutzfaktor, der Konsistenz an der Aart a Weis, wéi eng UV-Filter agesat ginn.
An de Sonnecrèmë kënnen 2 verschidde Kategorië vun UV-Filter agesat ginn: chemescher oder mineralescher. Si ënnerscheede sech duerch hir Funktiounsweis. De chemeschen UV-Filter zitt an d’Haut an, a wann d’Sonnestralen op d’Haut treffen, da gi se a Wäermt ëmgewandelt. De mineraleschen UV-Filter, och physikaleschen UV-Filter genannt, funktionéiert op der Haut a gëtt net opgeholl. E funktionéiert wéi e Spigel, deen d’Sonnestrale reflektéiert an net un d’Haut léist.
Sonnecrèmë mat chemeschem UV-Filter sollen 20-30 Minutten éier een an d’Sonn geet applizéiert ginn, fir dass de Sonneschutz funktionéiert. D’Konsistenz ass meeschtens esou, dass se séier anzitt a keng wäiss Spueren op der Haut hannerléisst. Studien hu gewisen, dass verschidde chemesch UV-Filter potentiell allergen sinn oder Stéierungen am Hormonsystem verursaache kënnen.
Sonnecrèmë mat mineraleschem Filter wierke vun deem Moment un, deen se applizéiert ginn. Dës Sonnecrèmen hannerloossen e wäisse Film op der Haut. Studien hu gewisen, dass Substanzen, déi als mineralesch UV-Filter agesat ginn, potentiell kriibserreegend sinn, mä virun allem wann se inhaléiert oder oral konsuméiert ginn.
Fir Laien ass et schwiereg, eraus ze fannen, wéi een UV-Filter an enger Sonnecrème verschafft ginn ass. Hautdesdaags ginn et awer schonn Handy-Applikatiounen, déi engem d’Ingrediente vun de kosmetesche Produiten oplëschten, erklären a bewäerten. Eng bekannten ass YUKA, déi viru 4 Joer a Frankräich gegrënnt ginn ass. Eng aner App ass Toxfox, déi och 2016 lancéiert gouf, awer an Däitschland.