LXB StreetPlace de l'Europa gehéiert de Weekend de Skater

RTL Lëtzebuerg
20.000 Euro Präisgeld, dat gëtt et dëse Weekend beim LXB Street ze gewannen.
Place de l'Europa gehéiert de Weekend de Skater
Mir waren eis déi lescht Preparatiounen fir d’LXB Street ukucken, wou et e Präisgeld vun 20.000 Euro ze gewanne gëtt.

Woubäi LXB, onschwéier ze dechiffréieren, fir Lëtzebuerg steet an de Cup gouf och dëst Joer a Street changéiert. D’Disziplin, bei där ëm d’Präisgeld “gebattled” gëtt, ass well schonn zanter 2017 déi selwecht, Skateboard. Soss sinn Tricken am Skatepark an der Péitruss gemaach ginn, dëst Joer awer op enger anerer Plaz, bei der Philharmonie. En Event, dat vill Skateboard-Begeeschterter wäert unzéien an och Skater mat groussen Nimm op Lëtzebuerg bréngt. A gläichzäiteg eng Manifestatioun, déi eng méintelaange Preparatioun fuerdert. Mir waren am Virfeld kucken, wéi ee sech op den Ustuerm vu Skater virbereet.

Back to Top
CIM LOGO