
Zwee Deeg nom Interview vum Harry a Meghan mat der US-Talklegend Oprah huet de Buckingham Palace en offizielle Statement erausginn.
“Déi ganz Famill ass traureg, dat ganzt Ausmooss gewuer ze ginn, wat fir eng Erausfuerderung déi lescht Jore fir den Harry an d’Meghan waren” heescht et an der Matdeelung.
D’Virwërf vu Fäll vu Rassismus géifen engem suerge maachen. “Och wann d’Erënnerungen ënnerschiddlech kënne sinn, esou gi se eescht geholl a vun der Famill am Private diskutéiert”. Den Harry, d’Meghan an den Archie wäerte fir ëmmer “Membere vun der Famill bleiwen, déi ee gär huet” steet um Schluss vum Statement, dee géint 17.30 Auer Lokalzäit publizéiert gouf. Nom Interview gouf et gréisser Krisereuniounen am Buckingham Palace, un där d’Queen, de Prënz Charles an de Prënz William deelgeholl hunn.
“The whole family is saddened to learn the full extent of how challenging the last few years have been for Harry and Meghan.”
“The issues raised, particularly that of race, are concerning,” the statement continued. “Whilst some recollections may vary, they are taken very seriously and will be addressed by the family privately. Harry, Meghan and Archie will always be much loved family members.”
RTL-News: Nom Interview vum Prënz Harry a Meghan - Buckingham Palace ënner Drock