Charlotte Casiraghi verëffentlecht éischt Buch Roman "La fêlure" soll Schluss maache mam Klischee vu verwinnten Adelegen

AFP
D'Charlotte Casiraghi huet hiert éischt eegent literarescht Wierk verëffentlecht.
Charlotte Casiraghi, Nichte von Monacos Fürst Albert II., hat ihr erstes eigenes literarisches Werk veröffentlicht.
D’Charlotte Casiraghi ass d’Niess vum Albert II. vu Monaco.
© AFP/Archiv

380 Säiten huet d’Buch vun der 39 Joer aler Niess vum Albert II. vu Monaco mam Titel “La fêlure”, wat esou vill bedeit wéi: der Rass oder de Sprong. Dat huet dat franséischt Verlagshaus Julliard matgedeelt. Et handelt sech ëm eng literaresch a politesch Erfuerschung vun der Zerbriechlechkeet vun der Existenz. Zil vum Buch ass, dem Image vum iwwerflächlechen a verwinnten Adelegen entgéintzewierken. “Mech huet een dacks op e Bild op blénkegem Pabeier reduzéiert, op en Dram-Liewe voll mat Privileegien”, sou d’Casiraghi am Virwuert. Inspiréiert huet si sech bei Schrëftsteller wéi Francis Scott Fitzgerald a Marguerite Duras.

D’Charlotte Casiraghi ass d’Duechter vun der monegassescher Prinzessin Caroline. Hire Papp Stefano Casiraghi war 1990 mat engem Speedboat déidlech verongléckt. Do war si eréischt 4 Joer al. Dat éischt Buch ass et awer net, 2018 hat d’Charlotte Casiraghi zesumme mam Philosoph Robert Maggiori e Buch verëffentlecht.

Back to Top
CIM LOGO