Social Media TrendSix-Seven um Knuedler

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg, de 6.7. um 7 Minutten op 6 hunn e puer Influenzer probéiert, ee Weltrekord um Knuedler opzesetzen, fir déi gréisste "6 7"-Versammlung vu Leit.
Social Media Trend: Six-Seven um Knuedler
E Méindeg, de 6.7. um 7 Minutten op 6 hunn e puer Influenzer probéiert, ee Weltrekord um Knuedler opzesetzen, fir déi gréisste "6 7"-Versammlung vu Leit.

Elteren a Proffe verstinn et net. Jugendlecher feieren et. Mee wat bedeit "six seven"? De ganze Social-Media-Trend huet am Fong 2024 ugefaange mam Rapper Skrilla a sengem Lidd "Doot Doot". Duerch dat Lidd si Memes entstane mam Basketspiller Lamelo Ball, dee “6 foot 7” grouss ass – wat ongeféier 2 Meter sinn. De Moment, wou et zu enger Weltsensatioun ginn ass, war wou Kanner a Jugendlecher ugefaangen hunn et ze adoptéieren an op Tiktok ze posten.

E Méindeg, de 6.7. um 7 Minutten op 6 hunn e puer Influenzer probéiert, ee Weltrekord um Knuedler opzesetzen, fir déi gréisste "6 7"-Versammlung vu Leit. D’Iddi dozou hat den Influenzer Max Feller. Ee Weltrekord war zwar net dran, mee fir ronn 50 Leit ze mobiliséieren, ass et duergaangen.

Back to Top
CIM LOGO