
1,8 Milliounen Dollar goufen dofir um Enn gebueden, dat ass dat Dräifacht vum Rekord, dee bis dohi jeemools fir Turnschong bezuelt gouf. Dat waren nämlech 615.000 Dollar (517.000 Euro) fir e Puer Basketballschong vun der NBA-Legend Michael Jordan.

Dem Kanye Weste seng schwaarz Sneakers goufe vu RARES kaaft, enger Sneaker-Investment-Plattform, déi et Notzer erméiglecht, a rar Sportschong ze investéieren. Eenzelpersoune kënnen Undeeler un engem Puer kafen, sou wéi Investisseuren Aktie vun enger Entreprise kafen.
D’Rekordzomm, déi bezuelt gouf, géif ënnersträichen, wéi grouss dem Kanye West säi Vermächtnis als ee vun den aflossräichste Bekleedungs- a Sneaker-Designer vun eise Zäit wier, sot de Brahm Wachter vu Sotheby’s. Hie wier ee vun den “Titane vun der Branche”.