Wat een dofir brauch? Schéier, Nol, Fuedem a Streckeisen – an eng grouss Portioun Talent a Fläiss. Wéi sech de Beruff verännert huet a wat déi verschidde Lëtzebuerger Schneider-Atelieren ze bidden hunn, konnt een de leschte Weekend um “Salon de la Couture” zu Koplescht gesinn. D’Sylvie Hamus ass Schneiderin a 5. Generatioun. Hire Papp, Grousspapp, Urgrousspapp an Ururgrousspapp hu schonn an deem Beruff geschafft. Als Maître Couturière a Maître Tailleur schneidert si souwuel fir Fraen wéi och fir Männer Kleedung – an dat zanter 45 Joer. Eng Leidenschaft, déi sech no an no entwéckelt huet. Si hätt mat hire Bridder scho mat 5 Joer am Atelier vun hirem Papp dierfte matschaffen a Klengegkeeten iwwerhuelen, erzielt d’Sylvie Hamus. Sou wier bei allen dräi Gesëschter de Wonsch opkomm, Schneider ze ginn, ma just d’Sylvie Hamus huet et och gepackt. An als Fra huet si sech an engem Beruff duerchgesat, dee laang Zäit als Männerdomaine gegollt huet.
D’Sylvie Hamus: Et waren ëmmer Männer well et Häreschneiderei war. Déi Zäit war et net méiglech, dass eng Damm dat geléiert huet, well et einfach ze schwéier war mam Streckeisen ze schaffen. Et war einfach net ugesot, dass Fraen dee Beruff léieren. A souguer nach a menger Zäit ass gesot ginn “eng Fra léiert dat do net, et ass een ze vill logesche Beruff. Et muss een ze vill plangen an dat kann eng Fra net.” An dat ass och ee Grond firwat dass ech et awer gemaach hunn.

Duerch industriell Maschinnen an nei Techniken, wier de Beruff vum Schneider an de leschte Joren a Joerzéngte méi einfach ginn. Et ze léieren, wier awer nach ëmmer schwéier. Well jidderee kéint zwar bitzen, mä net jidderee kéint och gutt bitzen, seet d’Sylvie Hamus.
Eent wat sech zanter kuerzem offiziell “Maître Couturière” dierf nennen, ass d’Céline Bijleveld. Am Juli huet si hire “Brevet de Maîtrise” ofgeschloss – no engem Moudedesign-Studium zu Paräis an enger Spezialisatioun an der Schnëtt-Technik zu Düsseldorf. Bei hirer Giedel ass si déi éischte Kéier mam Bitzen an de Kontakt komm, a krut mat 16 Joer hir éischt Bitzmaschinn. Hiren Dram war et schonn ëmmer Brautkleeder ze maachen, well si d’Leit gäre glécklech mécht, erkläert d’Céline Bijleveld. An deen Dram huet si sech verwierklecht. Zu Eschduerf huet d’Céline Bijleveld hiren eegenen Atelier mat Showroom opgemaach. An um “Salon de la Couture” presentéiert si hir Kreatiounen.

Vum éischte Rendezvous bis zum fäerdege Kleed vergi meeschtens 6 Méint, an deenen d’Cliente nach e puer Mol erëmkënnt, fir et unzemoossen. Jee no Modell leien dem Céline seng Brautkleeder an der Moyenne bei ëm déi 2.000 Euro. E Präis, dee sech aus verschiddene Facteuren zesummesetzt: virun allem Stoff, Material an Aarbechtsstonnen, ma och déi héich Cotisatiounen a Loyerspräisser fléisse mat an de Präis vum Kleed, erkläert d’Céline Bijleveld.
D’Sylvie Hamus huet mëttlerweil all hir Clienten un den talentéierten Nowuess ofginn. Si konzentréiert sech op d’Ausbildung, a gëtt a Coursen hiert Wëssen an hir Techniken un aner Leit weider. Zanter puer Joer brauchen d’Schneider zwar keng Meeschterprüfung méi, fir sech ze etabléieren, ma soulaang fir eng gutt Ausbildung gesuergt gëtt, géing d’Sylvie Hamus d’Zukunft vun der Schneiderei zu Lëtzebuerg a gudden Hänn gesinn.
