Esou gëtt eng a Form geschnëtzt Rommelsluucht bezeechent. Zu Munzen konnt een an deem Kontext e Samschdeg Rommelen aushielegen a se dekoréieren.
Op villen Dëscher gouf déck geschafft: et gouf geschnidden, geseet, gepickt a gefeilt. A wat d’Form vun de Rommele méi besonnesch war, wat besser. An et goung och net drëms, eppes Schéines, mee virun allem eppes Grujeleges ze schafen. Zu Munzen an der Robbesscheier stoung eben nees alles am Zeechen vum Trauliicht. Dofir louche kéipweis Rommelen am Zelt.
D’Trauliichtbrennen ass e Brauch, deen nach bis am Ufank vum 20. Joerhonnert an de lëtzebuergeschen Dierfer, besonnesch am Éislek an an der Äifel verbreet war. Dobäi gouf eng Rommel fir d’éischt an déi richteg Form bruecht, dann ausgehielegt. Dat heescht Aen, Nues an de Mond erausgeschnidden. Bannendra koum dann eng Käerz. De Brauch gëtt zu Lëtzebuerg ëm Allerhellege gefeiert.
Trauliichter ginn entweder virun d’viischt Dier, op d’Fënster oder souguer op de Kierfecht gestallt, fir do d’Leit ze erféieren. E groussen Highlight vun den Trauliichtwochen ass iwwregens eng Wanderung mat Fakelen a selwergemaachten Trauliichter an der Nuecht.