Si si bescht Kolleegen oder esou guer Familljememberen, ma wann d'Hausdéier bis stierft, stellt sech fir vill Proprietären d'Fro, wat maachen?
Am Ausland geet den Trend a Richtung Déierekierfech, an och zu Lëtzebuerg ass d'Thema vun der leschter Rou fir Déieren en Thema, dat en Nerv trëfft. Allerdéngs dierf ee säin Déier fir den Ament hei am Land nëmmen anäschere loossen an duerno mat heem huelen. D'Hausdéier op eege Fauscht am Gaart ze begruewen ass iwwerdeems zu Lëtzebuerg verbueden, dat wéinst dem Infektiouns- an dem Waasserschutz.
Ma et deet sech eppes a punkto läscht Rou fir déi déi pelzeg Compagnonen: E richtegen Déirekierfecht wéi an der Belsch oder an Däitschland gëtt et zwar zu Lëtzebuerg bis ewell net. Zu Wolz ass awer elo eng Streelichtung an der Diskussioun, direkt vis-à-vis vum aktuelle Bëschkierfecht fir Leit- et feelt allerdéngs nach de feu vert vum Gemengerot, deen den 11. Februar doriwwer ofstëmmt. Och am Escher Gemengerot war en Déirekierfecht Thema.