Enn vun der Campagne "Chippen. Kastréieren. Umellen"De Probleem laangfristeg an de Grëff kréien

Lea Schwartz
Mat der Campagne wollt d'Lëtzebuerger Déiereschutzliga op de Probleem vun der onkontrolléierter Reproduktioun vu Kazen opmierksam maachen. Engersäits géif et ëmmer nach vill Leit, déi hir Fräigängerkazen net kastréiere loossen. Anerersäits gëtt et och eng Populatioun u Streunerkazen hei zu Lëtzebuerg.
Campagne Chippen. Kastréieren. Umellen: Probleem laangfristeg an de Grëff kréien
Mat der Campagne wollt d'Lëtzebuerger Déiereschutzliga op de Probleem vun der onkontrolléierter Reproduktioun vu Kazen opmierksam maachen.

Am Déierenasyl Lëtzebuerg ass et keen ongewéinlecht Bild: Et gëtt eng Kaz fonnt an erabruecht an déi huet weder een Chip, nach ass si kastréiert. Eigentlech ass et zanter dem Déiereschutzgesetz vun 2018 u Flicht, dass Fräigängerkaze musse kastréiert a gechippt sinn an deen Chip muss och ugemellt ginn op enger Plattform wéi ChipID, ICat oder Tasso. (Mat Ausnam vu Kazen an Agrarbetriber) Et ass ee leschte Schrëtt, dee vill Proprietäre vergiessen an dat féiert dozou, dass vill Déieren net identifizéiert kënne ginn an domat och net un hir Proprietären zeréckgoe kënnen. Dat obwuel Kazen, déi fonnt ginn och ëmmer um Site vum Asyl kommunizéiert ginn.

© RTL Lëtzebuerg

Dat gehéiert och zu der Realitéit am Gaasperecher Déierenasyl, erzielt de Loïc Feltgen: "D'lescht Joer hate mer e Retour vu knapp 17 % vun de Fundkazen, déi iwwerhaapt erakomm sinn."

Dat ass net just traureg fir d'Déier a seng Besëtzer, déi am schlëmmste Fall am Ongewëssen iwwert de Verbleif vun hirem pelzege Familljemember bleiwen, mee et ass och eng Belaaschtung fir d'Capacitéit vum Déierenasyl.

Kaze mat an ouni Proprietäre

Net all Kaz huet awer ee Proprietär. Och zu Lëtzebuerg gëtt et eng grouss Populatioun u Streunerkazen. Genau Zuele ginn et keng, et wär och schwéier ze erfaassen, esou de Loîc Feltgen:

"Et gi Schätzungen, dass mir bei iwwer 10.000 Déiere leien aktuell hei zu Lëtzebuerg. Mir kënnen als Déierenasyl confirméieren, dass et ëmmer méi gëtt."

D'lescht Joer hu si en neit Kazenhaus opgemaach, dat och nees séier voll war. "Mir hunn d'Capacitéite geschafen an d'Capacitéite waren direkt ausgenotzt", ënnersträicht hien.

Eng Kaz kann zweemol d'Joer Jonker kréien.
Eng Kaz kann zweemol d'Joer Jonker kréien.
© RTL Lëtzebuerg

De Loïc Feltgen ass Responsabel fir de Marketing an d'Kommunikatioun vun der Lëtzebuerger Déiereschutzliga asbl. Dozou gehéiert et, Fotoe vun Déieren ze maachen, déi kënnen adoptéiert ginn, mee och d'Allgemengheet iwwer wichteg Themen aus dem Déiereschutz ze sensibiliséieren.

De Loïc Feltgen ass responsabel fir de Marketing an d'Kommunikatioun am Déierenasyl.
De Loïc Feltgen ass responsabel fir de Marketing an d'Kommunikatioun am Déierenasyl.
© RTL Lëtzebuerg

Wa Kazen net kastréiert sinn, dann huet dat dacks méi wéi just déi negativ Konsequenz, dass et eng Iwwerpopulatioun gëtt. Et kann zu Inzucht kommen. Esou Déiere sinn dacks méi ufälleg fir Krankheeten. Vill verwëldert Kaze liewen ënnert schlechte Liewenskonditiounen. Si leiden dacks ënner Honger oder Krankheeten. An et gëtt nach ee weidere Probleem: "Ee groussen Nodeel nach, wann ee vill onkastréiert Kazen an engem Gebitt huet, ass eben d'Revierkämpf. An hei besonnesch d'Kuederen ënnerteneen, déi sech dann do zerklappe ginn, fir eeben hiren Territoire ze markéieren"

© RTL Lëtzebuerg

Eng Organisatioun, déi sech och fir d'Kastréieren a Steriliséiere vu Streunerkazen asetzt, ass "Een Haerz vir Streuner asbl". An dësem Reportage gesitt Dir, wéi esou eng Afänkaktioun ofleeft.

Campagne "Chippen. Kastréieren. Umellen."

Fir d'Leit op d'Problematik opmierksam ze maachen, huet d'Déierenasyl Gaasperech eng Sensibiliséierungscampagne zesumme mat deenen aneren Déierenasyler duerchgefouert. Ufank Juli ass d'Campagne op een Enn gaangen. "Mir wëllen eeben och fir déi Déieren einfach sécherstellen, dass dee Problem sech laangfristeg einfach e bëssen ënner Kontroll kritt", esou de Loïc Feltgen. Eng Auswäertung gëtt et nach net. Mee esou laang nach Kaze sech onkontrolléiert weider verbreeden, wäert et wuel weider drop bestoen: "Chippen. Kastréieren. Umellen".

D'Liliane Ferron an de Loïc Feltgen vum Gaasperecher Déierenasyl wéi si Enn Januar d'Flyer fir d'Campagne "Chippen. Kastréieren. Umellen" apaken.
D'Liliane Ferron an de Loïc Feltgen vum Gaasperecher Déierenasyl wéi si Enn Januar d'Flyer fir d'Campagne "Chippen. Kastréieren. Umellen" apaken.
© RTL Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO