MariendallD'Secouristen hunn e Mëttwoch eng Kou aus der Äisch gerett

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch de Moie gouf et am Mariendall en Asaz, bei deem eng Kou aus der Äisch huet misse gerett ginn.
D'Secouristen hunn e Mëttwoch eng Kou aus der Äisch gerett
E Mëttwoch de Moien gouf et am Mariendall en Asaz, bei deem eng Kou aus der Äisch huet misse gerett ginn.

D'Pompjeeë ware vun enger "opmierksamer Passantin" op d'Plaz geruff ginn, fir déi ronn 700 Kilo schwéierer Angus-Kou nees aus der Äisch ze fëschen. Ganz esou einfach war dat allerdéngs net.

Zwar war d'Waasser net déif, ma d'Bauz ass vum selwen net méi erauskomm a stoung e bësse verluer do, wéi d'Secouristen op d'Plaz koumen. D'Béischt huet fir d'éischt misse gedéit ginn, ier se mam Kran aus dem Waasser konnt gehuewe ginn.

Si huet d'Secouriste gewäerde gelooss an huet och net gestruewelt, wou se mam Kran ugehuewe gouf. Et war eng méi oder wéineger duuss Landung an d'Kou war warscheinlech frou, endlech nees feste Buedem ënnert den Houf ze hunn. Am Asaz waren nieft de lokale Pompjeeën och de Groupe de sauvetage animalier (GSAN) an de Centre de soutien logistique (CSL).

Back to Top
CIM LOGO