Zanter Jore kritiséiertWann zu Pamplona d'Stéieren duerch d'Gaasse gedriwwe ginn

Tom Nols
All Joer reesen Dausende Leit an den Norde vu Spuenien, fir um traditionelle San Fermin Festival zu Pamplona deelzehuelen.
Laf mat Stéieren um San Fermino Festival zu Pamplona
Am Norde vu Spuenien ginn néng Deeg laang Stéieren duerch d'Gaassen, bis an d'Arena fir Stéierkampf, gedriwwen. Dausende Leit huelen um kritiséierte Spektakel deel

Zanter dem 6. Juli gëtt zu Pamplona a Spuenien am Kader vum San Fermin Festival all Dag moies um 8 Auer en neie Grupp Stéieren duerch d’Gaasse vun der Stad gedriwwen. En traditionelle Spektakel, dee geféierlech an zanter Joren héich kritiséiert ass vum internationalen Déiereschutz.

D’Streck ass gutt 800 Meter laang an hält an enger Arena op, an där d’Déieren owes beim Stéierkampf ëmbruecht ginn. All Joer reesen Dausende Leit aus aller Welt an den Norde vu Spuenien, fir mat de Béischten duerch d’Gaassen ze lafen.

Bis ewell sinn dobäi dëst Joer 51 Persoune blesséiert ginn. Déi meescht Verletzunge kommen zustanen, wann et op der Streck staut oder wa Leit duerch aner Mënschen néier getrëppelt ginn.

De Festival wäert en Dënschdeg mat traditionelle Gesäng op en Enn goen.

Back to Top
CIM LOGO