
Am Norde vu Japan zu Shizukuishi gouf e Méindeg den Owend d'Police geruff, well e Bier an engem Frigo no Iesse gesicht huet. Engem Polizist no ass de Bier no dëser Aktioun duerch eng Hannerdier niewent der Kiche rëm rausgaangen. Virum Haus huet e sech dunn un enger Poubelle ze schafe gemaach.
Dat war awer net den eenzege Virfall. An de leschten Deeg goufen et op d'mannst véier Asätz wéinst Bieren, déi an Haiser agebrach sinn. Zënter dem 1. Abrëll sinn an der nërdlecher Regioun Tohoku op mannst fënnef Persounen ëm d'Liewe komm. D'japanesch Medie mellen, datt Bieren dacks an Akafszentren, Parken, mee och a Schoule gesi ginn.
A Japan liewen zwou Aarte vu Bieren: den asiatesche Schwaarzbier an de Brongbier. Experten no klëmmt d'Zuel vun den Ugrëffer op Mënschen, well et a Japan ëmmer méi Bieren an ëmmer manner Awunner an de ländleche Géigende gëtt. Dobäi kënnt, datt et an de japanesche Bëscher d'lescht Joer wéineg Eechele gouf, soudatt d'Bieren op anere Plazen no Iesse gesicht hunn.
D'Autoritéiten hunn opgeruff, net eleng an d'Bierger ze goen, beim Wanderen eng kleng Klack op de Rucksak ze hänken an ee sougenannte Bieren-Ofwierspray matzehuelen.