
© DHA (Demiroren News Agency)/AFP
Tierkesch Rettungsekippen hunn iwwer 3 Wochen nom schroen Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien en Hond lieweg aus den Debrise gebuergen.
Wéi tierkesch Medie berichten, gouf den Aleks no senger Rettung e Mëttwoch un eng Déiereschutzorganisatioun an der schwéier zerstéierter Stad Antakya weiderginn.
Op engem Video vun der Rettungsaktioun, dee vun der Noriichtenagence DHA verëffentlecht gouf, si Secouristen ze gesinn, déi tëscht zwou grousse Bëtongsplacken nom ageklemmten Déier ruffen. Ee vun hinnen huppt tëscht den Iwwerreschter vun engem agestierzten Haus an enger klenger Kaul a lackelt ëmmer nees: "Aleks, komm hei, komm mäi Léiwen". Op weideren Opnamen ass ze gesinn, wéi hien den Hond op den Aarm hëlt an e Waasser kritt.
"All Liewegen zielt fir eis, Mënsche wéi Déieren", sou een Awunner no der Wonner-Rettung. D'Rettungsekippen hunn zu Antakya schonn honnerte Kazen, Hënn, Huesen a Villercher gerett, déi verschott goufen. Geschichten a Videoen dovu suergen an der Tierkei ëmmer nees fir grouss Freed. Wéi d'WHO gemellt hat, wier dëst déi schroosten Naturkatastroph an Europa zanter 100 Joer.
D'Tierkei ass nach ëmmer an engem Schockzoustand. Beim Äerdbiewe de 6. Februar vun der Stäerkt 7,8 op der Richterskala sinn aktuellen Zielungen no eleng just an der Tierkei iwwer 44.000 Mënschen ëmkomm.