Et gëtt bal kee méi friddleche Stream wéi de vun der grousser Elchwanderung duerch Schweden. Ëmmer méi Leit kucken de wëllen Déieren um Wee op d'Weeden no.

Natur sou wäit ee kucke kann, mat Schnéi bedeckte Buedem an d'Geräischer vu Villercher am Bësch oder d'Dausche vum Waasser. Dës berouegend Opname gesäit een am Livestream vun der schweedescher Sendung "Den stora älgvandringen", also "déi grouss Elchwanderung". Nieft de Momenter, an deenen een der friddlecher Natur kann nokucken a -lauschteren, gesäit ee mat e bësse Gléck awer och d'Stare vun der Sendung: d'Elchen.

D''Kinneke vum Bësch", wéi d'Elchen nach genannt ginn, sinn nämlech elo am Fréijoer ënnerwee op hir Summerweeden. E besonneschen Highlight vun der Wanderung: wann déi wëll Déieren iwwer de Floss Ångermanälven ginn. Nieft de majestéiteschen Elchen erbléckst een awer och aner wëll Déiere wéi Biber, Otter, Rendéieren, verschiddenst Vullenaarten oder Séiaadler bei herrleche Sonnenop- an ënnergäng.

Mam Livestream hunn d'Elchen d'Häerzer vun de schweedeschen, awer och den internationale Spectateuren eruewert. Méi wéi 30 Kamerae sinn op enger beléifter Wanderstreck vun den Elche positionéiert, verschidde vun den Déieren hunn awer och e GPS un. A Schichte gëtt d'Iwwerdroung an Echtzäit vun engem Kontrollraum aus iwwerwaacht. D'Usiichte vun den 30 Kamerae wiessele sech of oder gi vun de Mataarbechter ferngesteiert.

Ugefaangen huet de Livestream fir de sougenannten "Slow TV", bei deem d'Saachen einfach hirer eegener Vitess iwwerlooss ginn an deen e Géigemëttel fir den Alldagsstress duerstellt, schonn am Joer 2009 an Norwegen. Hei goufe 7 Stonne laang d'Opname vun enger Kamera gewisen, déi un engem Zuch festgemaach war an duerch déi verschneit Landschaft gefuer ass.

De schweedeschen "Den stora älgvandringen", deen all Fréijoer fir e puer Woche vum ëffentlech-rechtleche Sender SVT op der Tëlee an am Internet iwwerdroe gëtt, zitt antëscht eng grouss Communautéit un, déi all Beweegung vun den Déieren iwwerwaachen a kommentéieren. 2022 hunn d'Spectateure vun skandinavescher Produktioun am Ganzen 12 Millioune Stonnen ageschalt an dëst Joer gesäit et elo schonn esou aus, wéi wann 2023 e Rekordjoer gëtt.

RTL

© Jonathan Nackstrand / AFP

A Schweeden ginn et iwwer 300.000 Elchen, déi fir déi schweedesch Bevëlkerung "e ganz besonnescht Symbol" sinn, wéi e Jeeër der Noriichtenagence AFP géigeniwwer sot. "Et ass iergendwéi entspanend an och faszinéieren... Déi meescht Zäit, déi een am Bësch verbréngt, geschitt net vill. Et kéint ee mengen, datt en Dag, deen ee mat Waarde verbréngt, e verluerenen Dag ass, mä dat ass en net." Fir vill Spectateuren ass de Livestream "eng Form vun der Meditatioun, déi vill Mënschen an hirem Liewe brauchen an hinnen zum Beispill a Groussstied wéi Stockholm feelt", wéi de schweedesche Journalist Anders Lindberg der Noriichtenagence AFP géigeniwwer erkläert.

Wie wëll, kann de wëllen Déieren an der friddlecher Natur nach bis den 10. Mee um 23 Auer op SVT Play nokucken.