
Dat mellt op d’mannst d’Plattform Reporter.lu. Wéi et am Artikel heescht, wéilt den CSV-Finanzminister Gilles Roth juristesch Iwwerpréiwunge maachen. De Finanzministère wëllt de Sujet RTL géintiwwer net kommentéieren. De Sportminister Georges Mischo sot eis awer, et wier net richteg, datt de Projet elo op Äis geluecht wier. Effektiv wier de Sujet beim Comité d’acquisition vum Ordre du Jour geholl ginn. Mä dat léich dorunner, datt deemnächst an der parlamentarescher Kommissioun fir d‘Exekutioun vum Budget driwwer ofgestëmmt soll ginn, op den Dossier bei de Rechnungshaff geet. Dat géing net heeschen, datt dee Projet elo gestoppt wier, sou de Georges Mischo deen – eegenen Aussoen no – e Mëttwoch mam Gilles Roth geschwat huet. Fir de Sportminister bleift et dobäi, datt hien näischt ze verstoppen hätt.
De Projet um Site “Rout Lëns” steet jo an der Kritik, well den CSV-Sportminister Georges Mischo e “Protocole d’Accord” mam private Promoteur “IKO Real Estate” ënnerschriwwen huet. Ënner anerem gouf festgehalen, datt de Staat deem Promoteur de fäerdege Projet ofkeeft. D’LSAP hat dem Georges Mischo reprochéiert, Prozeduren net respektéiert ze hunn, notamment a punkto Ausschreiwungen. Am Reporter-Artikel ass weider ze liesen, datt d’Regierung vum Sportminister Mischo net am Detail informéiert gi wier an datt dëst net fir déi bescht Stëmmung bannent der Koalitioun gesuergt hätt. De Georges Mischo hat Ugangs der Woch nach am RTL-Interview betount, datt an dësem Dossier weider keng Feeler gemaach gi wieren. Wat den eventuellen neie Moment fir d’Zukunft vum Sportsmusée bedeit ass net kloer.
Liest och dësen Artikel zum Sujet: