Invité vun der Redaktioun (3. Dezember): Paul Galles"Ech wäert mech héchstwarscheinlech bei der Ofdreiwung an d’Verfassung enthalen"

Carine Lemmer
E Mëttwoch de Moie waren d'Weltklimakonferenz a Brasilien an d'Schoul an der Stad d'Themen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Paul Galles
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Den CSV-Deputéierte Paul Galles wäert sech héchstwarscheinlech beim Vott fir d’Recht op Ofdreiwung an d’Verfassung anzeschreiwen enthalen. Dat sot hien e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview. CSV an DP wëlle jo – no enger Proposition de loi vum Marc Baum vun déi Lénk, déi Fräiheet an der Verfassung verankeren. All Deputéierte soll awer dierfen no sengem Gewëssen ofstëmmen. Eng 2/3 Majoritéit ass néideg.

De Paul Galles ass Theolog a war jo fréier Paschtouer. Et wär eng intensiv Fro an hien hätt bei sou enger Gewëssensfro mat alle Säite geschwat. Déi theologesch Vue géif hie kennen. Hien hätt mat enger Philosophin geschwat a war och beim Planning familial op Besuch. Do géif keng Reklamm fir d’Ofdreiwung gemaach ginn. A kee géif aus Spaass oder Dommheet ofdreiwen.

D’Aart a Weis wéi den Text gemaach wär, wär awer senger Meenung no net gutt. De Paul Galles versteet ganz gutt, datt dat Recht soll an d’Verfassung ageschriwwe ginn, well d’Fraerechter am Moment ëmmer erëm a Fro gestallt ginn. Mä fir hie feele Saachen. Grondrechter wéi d’Recht op Liewen an d’Recht op Selbstbestëmmung sollt een och an d’Verfassung schreiwen. An den CSV-Deputéierten hätt och gären de fräien Zougang zur Verhütung am Text gesinn an och eng besser sexuell Opklärung. “Well, dann hätte mer als Gesellschaft alles gemaach, fir datt sou wéineg Mënsche wéi méiglech an esou eng dramatesch Situatioun kommen”, sou de Paul Galles. D’Recht op Ofdreiwung, sou wéi et gesetzlech zu Lëtzebuerg bis zur 12. Schwangerschaftswoch méiglech ass, stellt hien awer net a Fro.

“Ech sinn enttäuscht vun der Weltklimakonferenz”

De Paul Galles ass och President vun der Ëmweltkommissioun an der Chamber. D’Erwaardunge wären héich gewiescht an dowéinst wier hien enttäuscht vun deem, wat eraus komm wier.

Esou packe mer et net méi fir d’Ärderwäermung op maximal annerhalwe Grad ze limitéieren.” A ganz ville Länner wier de politesche Wëllen net do. Wat d’Klimazil vun annerhallwem Grad ugeet, géife Lëtzebuerg an Europa awer e gudde Match maachen. Och wann een déi ekonomesch Argumenter misst matbedenken, dierft d’Generatiounegerechtegkeet net an den Hannergrond réckelen: Eise Kanner eng propper Welt ze hannerloossen, sou de Paul Galles.

Méi Schüler an de Stater Schoule mat franséischer Alphabetiséierung

De Paul Galles ass och Stater Schoulschäffen a sot, an der Stad wier ee gutt op eng méiglech grouss Demande fir d’Alphabetiséierung op Franséisch preparéiert. Well an der Stad Lëtzebuerg gi ronn 45% vun de Grondschüler an Europa- an a Privatschoulen, 55% an déi Stater ëffentlech Schoulen. Den CSV-Schoulschäffe geet net dervun aus, datt d’Demande elo explodéiert, well vill vun deenen eng englesch Schoul sichen.

Wat d’Waardelëschte fir d’Foyers scolairen ugeet, do wären eng 100 Kanner op der berengegter Lëscht, déi soss keng Alternativ hätten. Dee Problem wär net nei an et géif ee weider dru schaffen dat z’änneren.

E Mëttwoch de Moie waren d’Weltklimakonferenz a Brasilien an d’Schoul an der Stad d’Themen an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO