Ewéi bei de Mënschen ass et och wichteg, bei Déieren eng Reserv u Blutt ze hunn.
Fir Blutt kënnen ze spenden, mussen d’Hënn an d’Katzen e gewëssent Gewiicht hunn an däerfen am Beschten net iwwer 8 Joer al sinn. Jee no Gewiicht kann eng gewësse Quantitéit u Blutt bei Hënn a Katzen ofgeholl ginn. En Hond kéint all 3 bis 4 Méint Blutt spenden. Bei reegelméissegen Operatioune kéim et ëmmer nees vir, dass Blutt gebraucht gëtt.
16 Muppen an eng Katz ware fir de Bluttspenderdag zu Beetebuerg ageschriwwen. Et war e Pilotprojet. Et soll wann nëmme méiglech awer elo méi dacks esou Bluttspenderdeeg organiséiert ginn.