Obwuel d'Analyse vun den DNA-Prouwe keen eendeitegt Resultat erginn hunn, géingen d'Bëss- a Friessspueren um Kadaver kloer op e Wollef hiweisen.

Nodeems Enn Abrëll am Raum Bruechtebaach op enger Weed e Kallef gerass gi war, huet de spezialiséierte Laboratoire an Däitschland net definitiv kënnen noweisen, dass e Wollef d'Déier ëmbruecht huet. D'Naturverwaltung stuuft de Virfall trotzdeem als "confirméierten Indice" op d'Presenz vum Wollef an, well d'Bëss- a Friessspuere wuel eendeiteg genuch dofir sinn. Deemno gëtt de concernéierte Bauer fir den Doud vu sengem Kallef vum Staat entschiedegt.

Bei engem weidere Fall goufen zwee frësch gebuerene Kaalwer zu Lelleg mat Friessspueren dout opfonnt. Obwuel näischt op e Wollef higedeit hätt an net gewosst wier, ob d'Déieren iwwerhaapt lieweg op d'Welt komm wieren, waren och hei Analysen an de Labo an d'Senckenberg-Institut Gelnhausen geschéckt ginn. An dësem Fall wier awer eendeiteg en Hond gewiescht. Do concernéierte Bauer kritt deemno keng Entschiedegung.

D‘Naturverwaltung rifft iwwerdeem och weider dozou op, all Indicen, déi op d'Virkomme vum Wollef schléisse loossen, ze mellen. Dat op d'Mailadress wolf@anf.etat.lu.

Doriwwer eraus rappelléiert d'Naturverwaltung och d'Roll vun de Wëllef am Ekosystem a verweist dorop hin, datt Lëtzebuerg mat engem Aktiouns- a Managementplang gutt op de Retour vum Wollef virbereet wier.

Verhalensreegelen, wann een e Wollef begéine sollt

Och wa Wëllef eigentlech schei sinn an de Kontakt zu de Mënsche meiden, kann et virkommen, datt een engem Wollef begéint. An deem Fall gëtt d'Naturverwaltung e puer Tipps eraus, wéi ee sech verhale soll:

  • Net fortlafen, well de Juegdinstinkt soss ausgeléist kéint ginn
  • Net a Richtung vum Wollef beweegen an dësen ëmmer am Bléck halen - dat awer ouni Bléckkontakt
  • De Wollef op sech opmierksam maachen: A seng Richtung ruffen a mat den Äerm wackelen. Sollt de Wollef sech net zréckzéien, sollt ee sech selwer no hanne beweegen an Ofstand halen
  • Kënnt de Wollef méi no, soll ee weider jäizen a mat Äscht, Steng oder soss Géigestänn op de Wollef geheien
  • E Wollef NI mat Fudder ulackelen, och net fir Fotoen ze maachen