Zanter e Mëttwoch ass de Sammy am Raum Konsdref op der Flucht. Rezent gouf d'Déier op der Iechternacher Streck gesinn.

En Donneschdeg de Moien huet d'Police esouguer an den Traficinfoe vum ACL op d'Déier opmierksam gemaach: "Den ausgebrachene Känguru leeft op der N11 a Richtung Iechternach, tëscht dem CR132 a Lauterbuer. Oppassen."

RTL

En Donneschdeg de Moie war de Sammy op der Streck tëscht Bech an Iechternach ënnerwee. / © RTL Mobile Reporter

Mee ass iwwerhaapt déi rechtlech Situatioun?

Am Grand-Duché dierf een net einfach esou all Déier als Hausdéier halen. Wärend et fir Hond, Kaz a Co. kee Problem ass, brauch ee fir aner Déieren eng speziell Autorisatioun, erkläert den Direkter vun der Veterinärsinspektioun

"Am Kader vum Déiereschutzgesetz gëtt et eng positiv Lëscht vun Déieren, déi een däerf halen. Do sinn dann och Konditioune festgesat. Wann awer elo een en Déier onbedéngt wëll halen, wat net op där positiver Lëscht steet, da brauch en dofir eng Autorisatioun vum Minister", seet den Dokter Félix Wildschutz.

Wéi geet et weider mam Känguru? / Interview mat der Veterinärsinspektioun

Deen Dossier geet da vum Minister un d'Veterinärsinspektioun, déi d'Saach analyséieren an en Avis ofginn. "Ech kann och schonn direkt soen, wann elo en Dossier erakéim wéinst engem Känguru, do géife mer mat gréisserer Sécherheet keng Autorisatioun ginn, well ech mengen, dat ass awer trotzdeem elo ganz speziell."

Weider confirméiert den Dokter Wildschutz, datt zu Lëtzebuerg bis ewell ni eng Autorisatioun, fir e Känguru ze halen, ausgestallt gouf. Den Informatioune vun der Veterinärsinspektioun no huet d'Fra, där de Sammy gehéiert, virdrun an Däitschland gelieft. Wéi si dunn awer an de Grand-Duché geplënnert ass, ass hir Autorisatioun aus dem Nopeschland verfall a si hätt hei am Land eng nei missten ufroen, "wat si awer net gemaach huet", seet den Direkter.

RTL

D'Sich nom Sammy geet och um Donneschdeg weider / © Domingos Oliveira / RTL

D'Zil ass elo, de Känguru sécher anzefänken. Dono wäert d'Déier dann am Prinzip vun den Autoritéite saiséiert ginn, well et eben net korrekt gehale ginn ass, esou de Félix Wildschutz.

Dann ass et nach den Appell, datt een net soll probéieren, de Sammy selwer anzefänken, mä wann een e gesäit, d'Besëtzerin oder d'Autoritéiten ze informéieren.

De Känguru Sammy war Thema an der Chamber

Wann een de Känguru Sammy begéint, soll een iwwert den 113 d’Police informéieren, huet d'Landwirtschaftsministerin Martine Hansen en Donneschdeg de Mëtten wärend der Froestonn an der Chamber preziséiert.

D’Police wier zoustänneg fir d’Sécherheet an deemno och fir d’Deier ze déiden an anzefänken. D’Police géif dofir mam Groupement de sauvtage animalier vum CGDIS zesummeschaffen. Et soll ee keng Fotoen maachen an an de soziale Medien publizéieren a sech och net am Bësch op d’Sich nom Deier maachen.

Landwirtschaftsministesch Martine Hansen

"Do ass direkt d' Police do, déi intervenéiert. D' Police ass zoustänneg fir d'Sécherheet. An och do, wann een de Känguru gesäit, da soll en dat bei der Police 113 mellen, net op Social Media Fotoe posten, well d' Police geet net Fotoe kucken a muss da kucken, wou e soll ronderëm sprangen. Nee, dat soll ee beim 113 mellen. D' Police huelen och d'Hondsstaffel mat a schaffen och enk mam Groupement de sauvetage animalier vum CGDIS zesummen, well déi zwee kënnen u sech dat Déier betäuben.”

D’Martine Hansen huet preziséiert, datt fir en exotescht Déier wéi e Känguru ze halen, eng Autorisatioun brauch. Déi géif hei net virleien. D’Déiereschutzgesetz wier also gebrach ginn.