Et gëtt een neit Liewenszeeche vum Wallaby-Känguru, deen zanter Ugangs der Woch an der Géigend vu Konsdref fortgelaf ass.

Um Donneschdeg den Owend ass hien op der Streck vu Lauterbuer Richtung Méchelshaff gesi ginn. Et gëllt weiderhin den Appell direkt den 113 unzeruffen, wann een d’Déier gesäit an dem Känguru op kee Fall nozelafen.

Tëscht Lauterbuer a Méchelshaff: Neie Video vum Sammy
Video: Give us a voice

Hei e Video vun Donneschdeg de Moien tëscht der Buddelerbaach a Biwer 

 

Déi ganz Woch iwwer huet hien d'Land an Otem gehalen: de Känguru Sammy. Hien ass jo ugangs der Woch bei Konsdref fortgelaf an déi lescht Deeg iwwer e puer Mol gesi ginn. Dat an der Iechternacher Géigend. D'Proprietären, Déiereschützer, Veterinärsinspektioun, Police... All si se op der Sich oder avertéiert, fir de Sammy anzefänken. Bis ewell ouni Succès. An dass e Känguru souguer Thema an der Chamber war, ass wuel eng Première zu Lëtzebuerg.
 
En Donneschdeg ass en op der Streck tëscht Iechternach a Lauterbuer just virum Méchelshaff gehoppelt. E Freideg awer war op dëser Plaz keng Spuer méi vum Sammy. Kee Wonner: de 4 Joer ale männleche Wallaby-Känguru ass nuetsaktiv.

De Sammy huet et an der Period no de Wale fäerdeg bruecht, ouni ee Walplakat, ouni ee Spot a kierzter Zäit bekannt am ganze Land ze ginn. Souguer bis an d'Chamber huet hien et gepackt.

Wallaby-Kängurue gi bis zu 80 Zentimeter grouss a bis 25 Kilo schwéier. De Sammy schéngt éischter gutt geniert. Fir Känguruen zu Lëtzebuerg ze halen, brauch een eng speziell Geneemegung.
 
De Sammy kann a fräier Natur hei am Land ouni Problem iwwerliewen. En ass Planzefréisser a misst hei am Mëllerdall genuch Gréngs fannen an dierft bei dësem Wieder wuel och keen Duuscht leiden.

Zu Präiteler ass dem Sammy säin Doheem. Hien ass awer net gebierteg vun do, mee koum vun der anerer Säit vun der Musel eriwwer a soll och do eng Openthaltsgeneemegung gehat hunn, mee déi ass hei net gülteg. Wann e gefaange gëtt, gëtt gekuckt, dass d'Deier gutt versuergt ass.

Et dierft awer schwéier ginn, de Sammy ze fänken. Wallabys gëllen als schei a séier, si kënne sech pro Dag ronn 6 Kilometer wäit deplacéieren. Vun der Plaz, wou de Sammy fir déi leschte Kéier gesi gouf, bis bei säin doheem sinn et ongeféier 8 Kilometer.

D'Fro ass just: wëll de Männchen iwwerhaapt rëm heem? Eisen Informatiounen no huet en zwou Frae mat zwee Kanner sëtze gelooss. Vläicht war dat dem gudde Jong einfach ze vill.