Nach huet kee sech gemelltTriichternetzspann gouf zu Recken op der Mess vu Pompjeeën agefaangen

Sandy Schmit
En Dënschdeg hat d'Fleegestatioun fir wëll Déieren op Facebook en Opruff lancéiert, well si de Besëtzer vun enger andalusescher Triichternetzspann sichen.

An hirem Post goung net däitlech ervir, ob d’Spann ofgi gouf oder ob se enzwousch fonnt ginn ass. Op Nofro hin huet eis d’Directrice vun der Diddelenger Fleegestatioun Jill Gaasch confirméiert, dass se zu Recken op der Mess entdeckt ginn ass. D’Pompjeeën hu sech der Saach, respektiv der Spann ugeholl a se agefaangen.

Besëtzer soll sech mellen: Andalusesch Triichternetzspann an der Fleegestatioun zu Diddeleng ofginn Kann dës Spannenaart hei am Land iwwerhaapt iwwerliewen?

D’Äntwert ass Jo, se kann. Wéi den Numm et scho verréit ass d’andalusesch Triichternetzspann éischter am Süde vun Europa heemesch, a Spuenien an a Portugal. Se gouf awer och schonn an Italien an a Südfrankräich fonnt, “warscheinlech duerch de Mënsch ageschleeft”. Weider präziséiert d’Directrice vun der Fleegestatioun fir wëll Déieren nach, dass d’Spann an deene Länner keng Populatioun opbaut.

Wat soll ee maachen, wann een esou en exotescht Déier fënnt?

Ganz kloer ass et d’Consigne, sech ni selwer a Gefor ze bréngen, dat gëllt och am Stroosseverkéier. Weess een net, ëm wéi een Déier et sech genee handelt an ob et eventuell gëfteg ass, soll een et och op kee Fall upaken. An deem Fall soll een den CGDIS oder d’Police ruffen.

Den Opruff gëllt iwwregens och nach, bis ewell huet sech nämlech kee gemellt. “All exotescht Déier huet theoretesch e Proprietär”, sou d’Jill Gaasch. Hei kann et dann awer och nach sou sinn, “dass een d’Déier onbemierkt aus der Vakanz ageschleeft huet”. Dat wier an hiren Aen och “méi warscheinlech”.

Back to Top
CIM LOGO