Kulturell a geographesch Ënnerscheeder, gemeinsam Passioun a Liewensastellung
Zanter Dezember 2023 ass d'Wanderschéiferei op der Lëscht vum UNESCO-Weltkulturierwen. Mir hu mat zwee Hierten aus zwee verschiddene Länner geschwat.
Ronn 1.800 Kilometer leien tëscht Lëtzebuerg an Albanien an och d'Klima ass anescht, ma op d'mannst eppes verbënnt béid Länner: d'Wanderschéiferei. An 10 Länner ass dës Traditioun als immateriellt Weltkulturierwen unerkannt.
Et handelt sech hei ëm d'Beweegung vu Schofshäerden iwwer méi kuerz oder méi laang Distanzen. Och wann et hei kulturell a geographesch Differenze ginn, de Know-How iwwer dës Praxis ass deen nämmlechten. "Et muss een de Beruff eigentlech als Passioun och liewen", seet de Wanderschéifer Florian Weber vu Kiischpelt. "Et muss een ëmmer do sinn an et ass een och ëmmer am Asaz. Mä et ass ee Beruff, deen engem och vill zeréckgëtt."
Mir hunn eis mam Schéifer aus dem Norde vu Lëtzebuerg an engem aus Albanien getraff, fir hire Beruff, deen um Ausstierwen ass, kennenzeléieren an ze verstoen.