Mir hu bei engem Schéifer nogefrot, firwat besonnesch d’Wanderschéifereien esou wichteg sinn an och, wéi den Alldag an deem Beruff ausgesäit.

Zu Léiler bei Klierf ass déi lescht Wanderschéiferei hei zu Lëtzebuerg. Duerch seng Elteren ass de Florian Weber zu dësem Beruff komm. Si haten als éischt Schof als Hobby gehalen, duerno als Niewen- dunn als Haaptberuff. E weidere Grond, fir sech fir dee Beruff ze decidéieren, war de Fait, datt eng Schéiferei essentiell fir den Naturschutz ass, obwuel et deemools och schonn ëmmer manner Schéifereie gouf. Geléiert huet de Florian Weber dëse Beruff an enger vun zwou Schoulen an Däitschland, zu Halle. Och a Frankräich gëtt et esou eng Schoul. Beruffsschéifer ginn et doniewent och nach an England, Spuenien an Italien. Hautzedaags sinn d'Konditiounen, fir dee Beruff auszeüben, méi schwiereg ginn. Wann ee wierklech iwwerzeegt ass, fir an deem Beräich ze schaffen, da muss ee scho bal selwer eng Schéiferei grënnen. Eventuell kéint een och eng iwwerhuelen, falls ee säi Betrib opgëtt. Dëst ass awer éischter méi seelen de Fall, wéinst der niddreger Zuel u Schéifereien. Als Quereinsteiger huet een et aktuell iwwerall an der Landwirtschaft net sou einfach.

Als Wanderschéifer schaffen, heescht net nëmmen d'Schof ze dreiwen. Déi Aarbecht ass ganz villsäiteg. Déi der moderner Landwirtschaft heescht et och um Computer schaffen ze kënnen, well en administrativen Deel gehéiert mëttlerweil och dozou. Am Alldag gëtt als éischt kontrolléiert, ob et de Schof gutt geet, ob alles an der Rei ass. De Schéifer vu Léiler huet 3 Häerden. Do gëtt da praktesch all Dag eng vun hinnen op en aneren Terrain gedriwwen. Et gëllt et dann och den Zonk ofzerappen, fir en dann duerno op der neier Plaz erëm opzestellen. Fir iwwerhaapt bei d'Schof ze kommen, ass een op den Auto ugewisen, esou datt ee pro Dag dann och déi eng oder aner Stonn hannert dem Steierrad verbréngt. Owes steet dann nach Bürosaarbecht un. Eng Wanderschéiferei charakteriséiert sech doduerch, datt e mat de Schof vun enger Wiss op déi aner zitt. Et ass een ëmmer ënnerwee. Wann ee just 2 bis 3 Terrainen zur Verfügung huet, da kann een do net vun enger Wanderschéiferei schwätzen. De Florian Weber geet mat senge Schof bis un déi franséisch Grenz. Am Wanter ass dat eng aner Situatioun, do sinn d'Schof am Stall.

Och am Rescht vun Europa ass d'Zuel vun de Wanderschéifereie staark réckleefeg. Dëst féiert dann och dozou, datt si politesch kee Gewiicht méi hunn. Et soll net vergiess ginn, datt d’Wanderschéifereie besonnesch am Naturschutz esou wichteg sinn. Mat Hëllef vun de Schof kënnen d’Planzen an d'Insekte sech iwwer déi veschidde Schutzgebidder ausbreeden, grad hautzedaags, wou d'Distanze vun de verschidde Biotope méi grouss si wéi fréier. Ouni dës Schof hätt dat negativ Konsequenzen op d'Biodiversitéit. Vill Aarte géingen da riskéieren, auszestierwen. Als Wanderschéifer versiche si bei all Geleeënheet op d'Wichtegkeet vun dësem Beruff opmierksam ze maachen. Dowéinst ass et ganz positiv, datt Lëtzebuerg mat der Wanderschéiferei eng vun dräi Kandidature agereecht huet, fir dat immateriellt Weltkulturierwen.

Serie "Beruffer an der Déierewelt"