D’Déiereschutzorganisatioun Street Souls schafft enk mat enger Ekipp vun der Organisatioun Anima Pro Terra zu Dej am Norde vu Rumänien zesummen.
Dëse Samschdeg kommen d’Partner vun der rumänescher Déiereschutzorganisatioun Anima Pro Terra op Lëtzebuerg. An dat huet ee gudde Grond. Si kënnen no jorelaangen Diskussiounen hiert Asyl nei bauen an dat stellen si dëse Samschdeg am Centre Culturel zu Biergem vir. Aktuell sinn d’Infrastrukturen an engem ganz schlechten Zoustand, wéi een ënner anerem am Reportage vun 2023 gesäit. Et gouf vill Blessure wéinst futtissem Drot, d’Material war morsch an huet d’Muppen net méi virun de Wiederkonditioune geschützt. Si haten och dacks d’Patte rout, wëll si deels deeglaang an der Nätzt souzen.
De Reportage vum leschte Joer kënnt Dir hei nach emol kucken.
Si hoffen, dass déi nei Zwinger scho fir de Wanter fäerdeg kënne sinn an d’Muppe fir da sécher, dréchen a waarm sëtzen. Virun allem soll et och méi Méiglechkeete ginn, fir den Hënn Auslaf ze erméiglechen.
Schätzungsweis iwwert eng hallef Millioun Stroossemuppe liewen a Rumänien. Zanter 2013 ass et per Gesetz erlaabt, dass Hënn, déi méi laang wéi 14 Deeg an engem ëffentlechen Asyl sëtzen, kënnen dout gemaach ginn. Ob dat Gesetz applizéiert gëtt, hänkt vun der respektiver Stad of. D’Responsabilitéit läit beim Buergermeeschter. Zu Dej gi schonn zanter 17 Joer keng Hënn méi doutgemaach, dofir hunn sech déi lokal Déiereschutzorganisatioun agesat.
2023 konnte 70 Muppen an 3 Kazen adoptéiert ginn, 2024 si schonn 38 Hënn a 4 Kazen op Lëtzebuerg komm. Ee wichtege Pilier vun der Déiereschutzaarbecht ass och d’Kastratioun op der Plaz. E puer mol d’Joer gi grouss Campagnen organiséiert, bei deenen d’Leit hir Hënn gratis kënne kastréiere loossen. Just esou kann een d’Populatioun an de Grëff kréien. Eigentlech ass et a Rumänien am Gesetz virgesinn, dass all Hond, bis op e puer Ausnamen, muss kastréiert sinn. D’Realitéit gesäit awer anescht aus. Eleng 2023 si scho 549 Hënn duerch déi Campagnë kastréiert ginn an 181 Kazen.
D’Sue hat a Rumänien nach de Numm Skanda an als Welpen an d’Asyl komm. D’lescht Joer war dann dem Sue seng grouss Chance - hatt ass adoptéiert ginn. D’Carole Hansen hat Street Souls eigentlech fir ee Welpen kontaktéiert, deen hir an der Famille gutt gefall huet. D’Isabelle Michels erkläert, dass si d’Leit ëmmer beroden. Den Hond muss bei d’Famill passen an ëmgedréit. Dofir ass d’Entscheedung um Enn op d’Sue gefall. Am Asyl war hat ganz frëndlech, selbstbewosst an oppen. A sengem neien Doheem huet hatt sech awer fir d’éischt missten aliewen. Zum Beispill billt hatt vill, wa Besuch do ass. Zesumme mat enger Trainerin konnt d’Carole Hansen dat awer verbesseren a plangt och an Zukunft nach weider Couren ze huelen.
“Trotz där ganzer Aarbecht, déi et ass an deem ganzen Opwand, deen et ass, géif ech et nach eng Kéier esou maachen. Wëll effektiv den Hond eis hëlleft a mir hëllefen dem Hond. Mir hunn awer doduerch engem anere Liewewiesen doduerch vill gehollef. Fir nach ee liewenswäert Liewe bei eis ze verbréngen.”, esou d’Besëtzerin vum Sue.
Och bëssen Aarbecht kënnt op dem Tippex seng nei Famill zou. Hien huet nämlech d’Diagnos HD (Hüftdysplasie) Änlech wéi d’Sue ass de wäisse Ritt scho fréi an d’Asyl komm an ass viru véier Méint adoptéiert ginn. “An ech hunn an him eppes gesinn, wat ech a kengem anere gesinn hat. Hien huet eng Rou, en ass och opgedréit, dat ass normal, hien ass zwee Joer al. Mee hien ass wierklech ee rouegen Hond, en huet ee rouege Charakter, wann e bis rofkënnt. Ech hunn och zwee Kanner, meng Kanner si gewinnt mat Hënn. Dat huet vum Profil hier einfach gutt gepasst. Dofir ass en elo do”, erzielt d’Mandy Brunetti.
D’lescht Joer ass de Familjemupp gestuerwen. Den Tippex wier deem ganz änlech gewiescht an huet sech och ganz séier u säin neit Familljeliewe gewinnt. Wëll den Hond virdrun och eng HD hat, ass der Famill direkt opgefall, dass den Tippex net ganz kloer gelaf ass. Eng Röntgen huet de Verdacht du confirméiert. Heelungschance ginn et net, präventiv soll den Tippex deemnächst Goldimplantater kréien a geet zwee mol d’Woch an d’Physiotherapie. Dat wichtegst wär et, seng Muskele gutt opzebauen an hien esou laang fit ze halen, wéi méiglech. Da stinn seng Chancen op ee laangt Liewen ouni Wéi gutt.
“Also hien huet Liewensfreed, hien huet net Wéi, hien ass net krank, hien ass wierklech gutt a Form. Hien ass gesond, seng Bluttanalys ass tipptopp. Et ass ebe just um Beweegungsapparat wou ee klengen Defaut ass, awer scho vu Gebuert un. Dofir ass hien awer net manner wéi een aneren”, esou d’Besëtzerin vum Tippex.