Malaysia proposéiert, Orang-Utane symbolesch ze adoptéieren

© AFP
Länner, déi Palmueleg aus Malaysia kafen, sollen zënter Mee Orang-Utanen adoptéiere kënnen.
Sou mol d'Propos vu Malaysia. D'Virbild fir dës Aktioun ass déi sougenannten "Panda-Diplomatie". Hei hat China westleche Länner symbolesch Pandae geschenkt, well dës Déiere just a China liewen an domat eppes Besonnesches sinn.
D'Propose vu Malaysien, dass Länner, déi hire Palmueleg kafen, elo en Orang-Utan adoptéiere kënnen, huet d'Déiereschützer weltwäit schockéiert. Den Orang-Utan gëllt als eent vun den am meeschte vum Ausstierwe menacéierten Déieren. Si verléieren hire Liewensraum duerch d'Ofholzung a landwirtschaftlech Expansioun. Ënnert anerem déi héich Nofro u Palmueleg huet en direkten Afloss op de Liewensraum vun de Primaten.

Eng Palmueleg-Plantage a Malaysien / © AFP
De Sonndeg dunn huet de Johari Abdul Ghani, malaysesche Minister fir Plantagen a Réistoffer, matgedeelt, dass all adoptéierten Orang-Utan a Malaysia bleiwe géif. D'Adoptioun wier also éischter symbolesch a wéi eng Zort "Patenschaft" ze betruechten. D'Suen, déi dobäi gesammelt ginn, géifen agesat ginn, fir weider Programmer fir d'Protektioun vun de Primaten ëmzesetzen.